NEWSLETTER JUNI 2021


14 June 2021

Newsletter No 6/2021 (Mee)

 

Tjo, ze fréi gefreet ! Elo hate mir geduecht mir wären endlech iwwert de Bierg a kënnten eise Programm onageschränkt duerchzéien a scho gi mir nees ausgebremmst. Eis Schottland-Tour kann och dëst Joer nach net duerchgefouert ginn, an obwuel mir all geimpft sinn ass et op der britescher Insel z.Z. nach net évident a well mir ënner kengen Emstänn eng Quarantän riskéiere wëllen, loosse mir et dëst Joer léiwer sinn.
Eis XXL-Schottland-Rees gëtt also och nach eng 2. Kéier verréckelt an ass dann elo dat nächst Joer –
an zwar vu Mëttwochs, de 15. bis Mëttwochs den 30. Juni 2022.

Doduerch bedéngt huet dann elo, an deene leschten Deeg, eis Atlantik-Tour vum 23. bis 27. Juni e groussen Zoulaf fond a war dunn och am Nu ausgebucht. Esou ass dat, wa jiddereen Loscht huet Moto ze fueren an deen een Tour fällt aus; da wëllen déi meescht trotzdem nach Moto fueren, also am léifste gläich op den nächsten Tour eriwwer switchen.

Et stinn déi nächst Wochen a Méint awer nierft e puer Dages- an Nomëttestouren, eise Feierowendtierercher an dem leschte Startertour och nach e puer gréisser Touren um Programm. Ween also Loscht an Zäit huet, elo wou mir endlech nees kënne reesen, kuckt iech de Programm un a mellt Iech w.e.g. gläich un.
Bei e puer Touren gëtt et elo schon enk!

Fir eisen XL-Summertour vum 30. Juli bis den 8. August geet et elo definitiv an d’ERZGEBIRGE, also duerch Däitschland an Tschechien. Dës TOUR vun 10 Deeg (a ronn 4000km) féiert duerch d’Grenzregioun (D&CZ) - duerch Nordböhmen, d’Elbsandsteingebirge, d‘Sächsisch Schwäiz, d‘Fichtelgebirge an um Enn och nach duerch den Thüringer Wald. Bis dato si schon 11 Leit ugemellt, also ass och déi Tour gläich ausgebucht!

Eng verlängert Weekend-Tour op Rüdesheim hu mir Enn September (24. – 26.) „am gëllenen Hierscht“ nach an de Programm bäigesat.
Mat e bessi Chance ass d’Wieder jo dann nach richteg gutt fir e puer Deeg duerch d’Wäinregiounen vu Musel a Rhäin ze cruisen.   

Da wëll ech awer och nach 1 x op déi 3 Motostoure vum ACL hiweisen:

1. e WE-Tour laanscht Musel a Rhäin mat enger Iwwernuechtung, de 17. an 18. Juli; (nach 2 fräi Plazen)

2. eng verl. WE-Tour am Schwarzwald mat 3 Iwwernuechtunge, vum 26. bis 29. August, an;

3. eng Wochentour duerch d’Bierger „Route des Grandes Alpes vum 4. > 12. September; (nach 4 Plazen) mat 8 Iwwernuechtungen, (éischter eppes fir déi méi verséiert an erfuere Biker), wou natierlech och Memberen vum BMW Moto Club erwënscht sinn.
Et handelt sech hei jo ëm eng Zesummenaarbecht mat eise Sponsoren WLTT (We love to travel - Voyages Sales Lentz) an dem ACL (Automobile-Club).

Buchungen: bei all „We love to travel“ Reesbüro an iwwer Tel.: 50 10 50, oder per E-Mail un acl@weloveto.travel. - Weider Informatiounen: iwwer www.acl.lu/mitgliederreisen.

An och eise Saisonofschloss „Ab in den Süden“ ON- an OFF-Road an Andalusien vum 26. Oktober bis de 6. November steet elo. Kann een kombinéiert oder eenzel buchen! –
an zwar elo schon! Déi éischt 8 Leit si schon ugemellt, „Avis aux amateurs“! 

Bis dann, bei enger vun eise ville Sortien oder villäicht gläich nees 1 x op engem gemittleche Clubowend, Donneschdes-Owes an eisem Clublokal, der Pizzeria „Terra Promessa“ op der Sandweiler-Gare. Et steet jo nees eng Lockerung un an do gëtt et jo och eng flott Terrasse am Fräien, an Temperatur passt jo och scho bal.                         

Alain BURG, Präsident

Programme (suite)

  

03.07.

 

----

Sa.

Nachmittagstour

AB

14:00

Total

Windhof

08.07.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 4

YO

17:30

Total

Contern ZI

11.07.

 

----

Sa.

Relax-TAGESTOUR

SM

09:30

Total

Merscherberg

15.07.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 5

SM

17:30

Total

Merscherberg

17.07.

+

18.07-

Sa.+So.

ACL-Mosel-Rhein-Tour

ACL

09:00

Esso

A1 Wasserbillig

24.07.

 

----

Sa.

STARTERTOUR 9

MM

14:00

 

Dommeldange

30.07.

08.08.

Fr.-So.

XL-Summer-Tour ERZGEBIRGE

AB

08:30

Esso

Wasserbillig A1

12.08.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 6

CJ

17:30

Total

Merscherberg

14.08.

 

----

Sa.

TAGESTOUR (Hohes Venn)

MM

09:00

Aral

Friedhaff

21.08.

 

----

Sa.

Nachmittagstour

JN

14:00

Total

Windhof

26.08.

29.08.

Do.-So.

ACL-SCHWARZWALD-TOUR

ACL

08:00

Esso 

Schengen

02.09.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 7

JPS

17:30

Gulf

Junglinster

04.09.

> 

12.09.

Sa.-So.

ACL-Tour Route des Grandes Alpes

ACL

08:30

Texaco

N31 Dudelange

16.09.

 

 

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 7

SM

17:30

???

 

18.09.

 

----

Sa.

TAGESTOUR (durch Luxemburg)

MM

09:00

Aral

Bour

19.09.

 

----

So.

Nachmittagstour mit Grillabend

AL

14:00

???

 

24.09.

26.09.

Fr./So.

verl. WE-Tour nach RÜDESHEIM

AB

???

Esso

Wasserbillig A1

02.10.

 

----

Sa.

Nachmittagstour

MM

14:00

Esso

Sandweiler

07.10.

 

----

Do.

Night-Glow

AB

17:30

Parking

Dommeldange

09.10.

 

----

Sa.

Nachmittagstour 

AB

14:00

Aral

Steinfort

17.10.

 

----

So.

Letzte Tagestour (Saisonschluss)

AB

10:00

Aral

Steinfort

24.10.

 

----

So.

Trëppeltour Hierscht 1

AB

10:00

???

 

26.10.

02.11.

Di.-Sa. 

On-Road-Tour Andalusien

AB

07:00

Vol

Aéroport

02.11.

06.11.

Di.-Sa. 

Off+Road-Training+Tour

AB

07:00

Vol

Aéroport

15.06.

30.06.

Mi.-Mi.

XXL-SCHOTTLAND-Tour 2022

AB

 

 

 

 

Dat Wichtegst bei all eisen Touren a Reesen: Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un!

Mir probéieren eise Programm duerch ze zéien wéi hei ugekënnegt, awer falls et am Laf vun de Wochen a Méint nees néideg sollt sinn, e puer Aktivitéiten ze sträichen oder ze verréckelen, da maache mir dat no deem gewinnte Modus operandi an Dir gitt iwwer Newsletter, zäitno heiriwwer informéiert! Et ass och net ausgeschloss, dass ev. nach déi eng oder aner méi kleng Saach bäikënnt.

Et ass a bleift also wichteg, dass Dir regelméisseg eis Homepage besicht an eis Newslettere liest, fir permanent informéiert ze sinn; Merci.

bmw-newsletter 06-2021 - juni.pdf