Eise WANTERPROGRAMM

TRËPPELTIER an ähnlech liicht (easy) SPORTLECH AKTIVITÉITEN 
 
Heibäi geet et absolut net ëm Héischleeschtungs-Sport, Hëchstleeschtungen, Beschtzäiten oder Rekorder.
 
Et sinn also keng Coursen an et ginn och keng Klassementer opgestalt. 
 
Et geet hei drëms fir eng gewësse Form a Fitness an eng Grimmel Konditioun (virun allem iwwert d’Wanterméint oder déi Motofräi-Zäit) ze halen an net ganz an de Wanterschlof-Modus ze falen.
 
Duerfir gi mir iwwert de Wanter (vun Oktober bis Mäerz ) prinzipiell 6 x trëppelen,
>> siehe TRËPPELTIER !
 
Déi eng oder aner Kéier eng „Dillen“ oder (méi „modern“ gesot) BOWLING spillen, (viru Joren si mir nach Keele spille gaang).
 
An dann ass och erëm geplangt VELO oder MOUNTAINBIKE (MTB) fueren ze goen.
 
Viru Joëre si mir och emol heiansdo an de Kino gaang, awer dat ass elo net méi "IN".