Trëppeltour duerch d’Stad!

De Sonndeg 26.02. war et erëm esou wäit. Fir déi Zäit ouni Moto besser ze iwwerbrécken hu mir e flotten Trëppeltour duerch eis Stad gemaach. Bei 7 Grad a sonnegem Wieder, hu mir eis moies um 10 Auer vum Glacis aus op de Wee gemaach, laanscht d’Kinnekswiss duerch de Parc vum Perscatore, laanscht d’Badeanstalt, eng vun deenen éischten hei am Land, Richtung Theaterplaz. Hannert dem ale Friddensgeriicht hate mir eng flott Vue an den Uelzechtdall mat der Rouder Bréck an der Baustell vun eiser éischter “Drotseelbunn” op de Kierchbierg erop. Déi aner Säit, hallef riets, hu mir dem Robert Schumann säi Gebuertshaus gesinn. Weider goung et laanscht de fréieren “Palais de Justice” wou elo zënter Kuerzem eisen Ausseministère dran ass, an dann hannert dem “Musée Nationale” mat den ongewollten Graffitien, nees biergop laanscht de “Wëlle Mann” an duerch de Breedewee erop op “d’Corniche”, fir dann e Stéck vum Wenzelswee ze goen. De Bléck geet vun der Nationalbibliothéik ganz riets, bis bei d’Montée de Clausen, lénks, vis-à-vis d’Rhum an ënnert eis den ale Prisong an d’Händschefabrick.
18566831409767cb3c3b9f937f639418fbd0b1_.jpeg 18566813c6794d1bd59fa3b4cd6b977e300dc0_.jpeg 1856680ae12906caea693800c286fa3a54102d_.jpeg   
Mir sinn lues weider Richtung “Bock Fiels” getrëppelt, wou mir d’Aussiicht zu béide Säiten konnte genéissen. Lénks, d’Gebai vum Staatsrot geet et mat Bléck op den Hospice mat sengem flotte Gaart, erof, ënnert der Schlassbréck erduerch, nees zeréck op de Wenzelswee laanscht de Stater Wéngert mat senge puer Riewen an engem Olivebam. Iwwert d’Uelzecht koume mir esou bei d’Abtei Neimünster, wou mir kuerz nach e mol eis Kräfte gesammelt hunn, well et duerno, laanscht den Tutesall, iwwer méi wéi 100 Träppleker, erop op d’Rhum goung. Nom Passage bei de Waassertuerm mat Bléck an de Gronn goung et zeréck duerch den “Hospice” op den “Plateau du Rham” mat senger Aussiichtsplattform. Fir dohinner ze kommen goung et nees iwwer geschätzte 50 Träppleker duerch d’Festungsmauer.
18566840c6e06147d00e7293ad55fa284db6f8_.jpeg  185668a2dc27ff640b259678a72751efead1e4_.jpeg  18566863a8c7ccd1a0339dc357d1cdebe6b83e_.jpeg    
De selwechte Wee och erëm zeréck an dann laanscht “Tour Jacob” an hannert der schaarfer Kéier de klenge Bëschwee erof, sinn mir nees bei d’Uelzecht komm an do a Richtung “Rive de Clausen” weider getrëppelt, vis-à-vis gesäit een nach en ale Wäschbur. Riets (leider) laanscht d’Muselskantin, mat sengem ongefilterte Béier, hu mir eis e Stéck d’Montée de Clausen erop geschleeft eet mir do duerch de Sentier de l’espérance erof bei d’Jugendherberg komm sinn.
Iwwert d’Uelzecht an de Pafendall an duerch d’Vaubansgaass an d’rue des Fleurs „Kanner, o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des Fleurs“ a laanscht den Théiwesbur. “... Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur”. Nach virum “Vauban’s Tiermchen”, der aler “Sichepaart” (fréier Paart fir an d’Festung Lëtzebuerg eran), si steet um rietsen Uwänner vun der Uelzecht an ass iwwert eng Bréck, “Béinchen” genannt, mat hirer “Sëschter”, der “Eecherpaart”, déi aner Säit vum Floss verbonnen, goung et gläich nees déi aner Säit vun der Uelzecht duerch d’rue du Pont a laanscht déi éischt Waasserpompelstatioun vun der Stad.
1856685f261c0f84ee533b07e703317f5f521c_.jpeg  185668824ff9ea8d2a8ca41cdc8d3967492a1b_.jpeg
An der Ménagerstrooss hu mir dunn en Ulaf geholl fir riicht an den neie Lift eran a mat enger impressionnanter Vue iwwert de ganzen Dall si mir uewen ukomm. Natierlech hu mir eis et net huele gelooss, fir op der, zum Deel verglaster Plattform, nach eng Kéier déi mega flott Aussicht ze genéissen. Dann just nach kuerz ronderëm d’Fondatioun Pescatore a scho wore mir nees zeréck um Glacis. No zwou an eng Hallef Stonn trëppelen hunn déi meescht e gudde Maufel an der Pizzeria Porta Nova erageschloen an de Sonndeg auskléngen gelooss, anerer sinn direkt heem gefuer. Et war een interessanten Tour wou munchereen Plazen fonnt an gesinn huet déi een do net erwaart hätt, a sech bewosst ginn ass, dass och eis Stad Wonnerschéines ze bidden huet. Bis déi nächste Kéier dann.
 
 Claude Müller