Vu Lénger laanscht d’Grenzbornen bis op de Kues an zeréck.

Et war bal net ze gleewen, wéi mer eis de 17. Mäerz zu Lénger versammelt hunn, fir de leschten Trëppeltour vun der Saison an Ugrëff ze huelen: 26 Leit haten de Wee an deem Schloreen bis an de Südweste vum Land fonnt, fir zesummen eise Pilgerwee bis op de (lieu-dit) „Kues“ ze trëppelen. Héich motivéiert a gutt gelaunt huet sech den Trupp dann, kuerz no 10 Auer, opgemaach. Keng Sekonn Paus wollt de Reen eis dee Moien vergonnen, mee et gëtt bekanntlech jo kee schlecht Wieder asw. Ganz no deem Motto hu mer dat Bescht draus gemaach, an hunn de Bësch, deen d’Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch formt, ugesteiert. Spéitstens hei ass dann och deem leschte bewosst ginn: dat gëtt eng rutscheg Geschicht a wonnerbar knaschteg Schong. Déi sollten deen Dag awer eise klengste Problem sinn…
185668a637427283ae4ee9948b8cad61029187_.jpeg  185668e1539e50a63431a0db8e34ef4d663a0a_.jpeg
Déi éischt Borne huet eis schliisslech verséchert: hei geet d’Belsch un. Op deenen 148 Grenzkilometer mat der Belsch goufe vu Mee bis September 1844 insgesamt 507 Grenzmaarken, dovunner 287 aus Goss, opgestallt. Dëst war d’Resultat vum Londoner Vertrag vun 1839, wou d’Belsch en eegestännege Staat ginn ass an den hollännesche Kinnek Wëllem I. 65% (oder 4730qkm), also de gréissten Deel vu Lëtzebuerg (mat 175.000 Awunner) einfach esou un d’Belsch ofgetrueden huet. Dat war déi 3. a lescht, awer gläichzäiteg och déi gréissten Deelung an der Lëtzebuerger Geschicht. E gutt Stéck si mer deenen 2,3 Meter héijen an 360kg schwéieren Maarker laanscht d’Grenz nogaangen, bis et, knapps an der Belsch, eng kleng Baach ze iwwerquiere gouf, iwwert déi nëmmen 2 déck, mee vum Reen total morsch Äscht gefouert hunn. Bei dëser Aktioun ass weder Mënsch, nach Déier zu Schued komm. De Wee ass dunn ëmmer méi oniwwersiichtlech, rutscheg a suppeg ginn. Zweemol ware kleng „Ëmweeër“ querfeldein net ze vermeiden. Trotzdeem huet sech keen entmutegen gelooss…wat sollten se och maachen, esou matzen am Bësch? Ëmdréine war scho laang keng Optioun méi.
185668428529f7f5f5dc1410cfae5e40b90eb3_.jpeg  1856687fba7a40a308b674ef19f13ba4c71eb8_.jpeg  18566838ada0065fa88194144752d70e613e6b_.jpeg
Grad wéi de schwieregsten Deel bal gepackt, an eist Zil, d’Kapell um Kues, bal erreecht war, dann den absoluten Hummer: e risege, 4-stämmege Bam, dee wuel dem Stuerm vun der vergaangener Woch net standhale konnt, louch queesch iwwert de Wee an huet an eiser Ekipp fir uerdentlech Retard gesuergt. Wee net wollt ënnert dem Bam erduerch robben, huet versicht en ze erklammen oder ass, laanscht säin décke Stamm, de rutschegen Hiwwel eropgekraxelt, fir déi aner Säit erëm zréck op de Wee ze kommen. Dëst Hindernis huet esou munch Affer gefuerdert: net nëmmen waren mëttlerweil och déi bescht behidde Jacketten „camoufléiert“, mee en dompfen „Bumm“ huet dann och ugekënnegt, wat sou munchereen gefaart hat: ee vun eisen Aventurieren hat sech leider bei der Kloteraktioun higeluecht – Gottseidank ouni weider Blessuren. Wéi jiddereen erëm opgeriicht war, war et och net méi wäit bis un eist Zil. Nëmmen nach eemol e suppege Wee ëmgoen a schonn hunn eis e „puer“ Trapen op d’Kopp bei d’Kapell geleet. D’Kapell selwer ass eréischt 1912 opgeriicht ginn, d’Geschicht vum „Kues“ geet awer zréck op 1780 (eng Zäit wou et hei nach keng Grenze gouf) a wou eng Muttergottesfigur hei an der Nisch vun enger aler Eech stoung an d’Leit aus den Dierfer ronderëm heihinner gepilgert si fir ze bieden. Well och Käerzen ugefaangen goufen koum et esou wéi et huet misse kommen: d’Eech huet Feier gefaangen an ass ofgebrannt. Just d’Muttergottesfigur net. Déi ass dunn an der Parkierch zu Gierleng (Guerlange – haut Belsch) opgestallt ginn, ass awer ëmmer nees (quasi vu Geeschterhand) zeréck op hier Plaz an de Bësch komm, wouropshin dunn d’Kapell gebaut gouf, wou d’Muttergottes elo schonn méi wéi 100 Joer iwwert Pilger a Wanderer waacht. 
185668227c3dcd709bca85fb613dcd34636095_.jpeg  185668d064a31bd33818d2b02a3cc617d32b3c_.jpeg  185668f90ce78d4622743cd8c4407dc14de081_.jpeg
 „Von nun an ging’s bergab.“ Vum Kues aus ass et déi aner Säit vun der Kopp erëm erof, a Richtung Lëtzebuerg a Lénger gaangen. Wat Ufanks nach en Trampelpad queesch duerch de Bësch war, ass séier zu engem befestegte Wee ginn, an esou ware mer an eppes Klengs méi ewéi enger halwer Stonn erëm op der Vëlospist, a kuerz drop och schon erëm am Duerf. 
Esou vill Mutt a Motivatioun mussen natierlech belount ginn. Zesumme si mir dofir mëttes op Kënzeg an d’Brasserie op der Gare super iesse gaangen. Tjo…wéi jidderee fäerdeg giess hat, an et erëm Richtung heem gaangen ass, hat de Reen es dunn och endlech genuch an ass senger Wee gezunn.
 
Nathalie & Alain Burg