De leschten Dag am Juni, esou ze soen um éischte Summerdag 2013, haten eng ronn 100 Lëtzebuerger Gourmete sech an d'Motosklamotte gehäit fir Natur a Gemaufels ze genéissen! Fir hiren 30. Gebuertsdag hat de BMW Moto Club Lëtzebuerg sech eppes Extraes afale gelooss, a mat ganz vill Fläiss um Projet geschafft. Op engem groussen Tour duerch a ronderëm d'Land waren op vill flotte Plazen Pause ageplangt, wou fir Iessen an Drénken gesuergt war. Den 1. Moto-Tour-Gourmand vum BMW Moto-Club Lëtzebuerg war e vollen Erfolleg fir déi 88 ageschriwwe Participanten: e grousse Merci un dee ganze Staff !
Sonndes mueres fréi géint 8 Auer huet een nëmme missen engem vun de ville Gruppe Motoen nofueren fir beim Garage Konz um Houwald unzekommen. 88 Participante waren ageschriwwen, dobäi koum nach de Staff vum BMW Moto Club Lëtzebuerg, esou datt ronn 100 Leit ze bekäschtege waren. Beim Aschreiwe gouf et e Roadbook an eng Kontrollkaart, e Stack méi héich stoungen Kaffi a Croissanten prett: deen éischte Maufel op engem laangen awer ganz flotten Dag! Lues a Lues, a klenge Gruppen hannert engem Tourguide oder méi oder wéineger individuell mat Roadbook oder Navi ass et du vum Howald op den Tour Gourmand gaangen.
Déi éischt Etape huet duerch dat Nopeschland gefouert wou de “Repas gastronomique” zum Patrimoine vun der UNESCO gehéiert. No engem Ofstieche laanscht Roudemer (Rodemack) war déi éischt gourmangseg Etape dunn awer zu Schengen: laanscht der Musel ! An dat konnt jo net anescht sinn wéi mat e puer gudden Tranchen Rieslingspaschtéit!
Déi zweet Etape huet vun der Musel iwwer Bierg an Dall an de Mëllerdall gefouert. No engem ganz variéiertem Parcours, d'Kenner vun de wënzege Stroossen hu mat um Parcours gefeilt, war dunn de Rendezvous um Parking beim Schiessentümpel. Hei stoung déi zweet Entrée op der Kaart: Ham a Meloun. An deem flotte Kader huet déi duebel esou gutt geschmaacht. Den éischte Grupp ënnert der Leedung vum President Alain Burg war schonns fort ier de Grupp „voiture balai“ mam Claude Jung ukomm ass, an esou huet de Service wonnerbar geklappt, kee Stress vill Freed an eng tipptopp Ambiance.
Déi drëtt Etappe huet laanscht d'Sauer op Klierf gefouert, woubäi déi kleng Motorradsweeër op der däitscher Säit vum Grenzfloss um Roadbook agedroe waren, ier et iwwert d'Haaptstrooss mat de flotte Kéieren an d'Abteistiedche gerullt ass. Hei war fir den Haaptgang de ganz schéine Kader vun der Ecuries du Parc eraus gesicht ginn! Et war Grillswierder, an esou hunn d'Mettien, d'Brochetten an Koteletten duebel esou gutt geschmaacht. Eng éischte Kéier war dunn och de ganzen Tross op enger Plaz versammelt.
Nodeems den Haaptplat erageholl war, hunn d'Gruppen sech nees lues a lues op de Wee gemeet: iwwert d'Éisleker Koppen an ronderëm de Stausee war Ënsber als Arrivée vun der 4. Etape geplangt. Och aner Gruppen waren op dësem Sonndeg ënnerwee: flott Oldtimer hunn d'Motorrieder gekräizt, an en deel Gruppen haten op der Misèresbréck Misär fir laanscht e Cortège vun historeschen Trakteren ze kommen. Am Vakanzzentrum vun der Escher Gemeng huet de Plateau mat Kéis op d'Gourmangen gewaart
Déi 5. a lescht Etape huet als éischt duerch de Weste gefouert, iert et a Richtung geographeschen Zentrum vum Land goung. D'Arrivée vum 1. Moto-Tour-Gourmand war zu Bëschdref, an hei huet de Gaart vun engem ale Bauerenhaff de flotte Kader gebueden fir den Dessert eran ze maufelen an déi vill Participante nach eng Kéier all beienaner ze kréien. Excellent Verrinen, mat Crème, Uebst an Tiramisu, hunn hei de Menu ofgeschloss.
Wann den Auteur vun dësem Artikel eng Kritik unzebréngen huet – et wonnert elo keen deen dësen besser kennt – dann ass et dëst: “...eng riseg Sauerei, datt een 230 Kilometer muss fueren ... fir dann endlech dësen excellenten Dessert ze kréien!”
Am Eescht: dem Club, sengem Comité an dem ganze Staff deen dës Organisatioun, eng logistesch Meeschterleeschtung, esou gutt iwwert d'Ronnen bruecht hunn: e ganz grousse Merci! Do bleift nëmmen een Wonsch opstoen: dat et en 2. an weider Moto-Tour-Gourmand'en ginn!
Alain KLEEBLATT