Saisonstart op Teneriffa a La Gomera
Destinatioun: Teneriffa! Vun 32 Grad bis -5 Grad uewen um Teide: esou kéint een an engem Saz déi éischt Sortie vum Club resuméieren. Tëschent dësen zwee Extremer lounge ganz, ganz vill Kéieren, Stroossen wou et eigentlech nëmme Bierg op oder Biergof gaangen ass, gutt Restauranten, eng Minicroisière op d'Nopeschinsel La Gomera ... an e Sak voll gutt Laun.
Et muss een déi nei Saison jo iergendwou ufänken, firwat net am Mäerz, an der Sonn an do wou d'Mier ni wäit vun de Bierger ass, a wou „Teneriffa-on-Bike“ ganz uerdentlech Motorrieder vun onser Liblingsmarque am Angebot huet. Mat der, wéi ëmmer, effektiver Hëllef vu Sales-Lentz, an der Luxair als „Troop-Carrier“, ass et Samschdeg, de 17. Mäerz vum Findel a Richtung „Teneriffe-Sud“ gaangen. D'Fréibieren hunn der gudder Laun keen Ofbroch gemeet, et blouf jo Zäit fir am Flieger nach eng Grimel ze raschten …! Pénktlech um Rendez-vous waren den Alain an d'Liette, de Gilbert an d'Josée, de Claude an d'Nathalie, de Jean-Paul, de Pierre, den Joy an den Alain... mam senger Duechter Angie. Wéi ëmmer gëtt ee beim Anchecken e bësse komesch gekuckt wann een mat der „gepanzerter“ Jackett, de Stiwwelen an dem Helm am Grapp untrëtt, mee et huet ee jo just nëmmen 20 Kilo Gepäck ze gutt! Déi warem Jacketten hu schonn um Fluchhafen „Reina Sofia“ gehënnert ... dës wéinst dem richtegen Summerwieder op der Insel am Atlantik!
De Süde vun Teneriffa weist sech als eng ockerfaarweg Wüst. Playa Fanabe op der Costa Adaje ass eng typesch Siidlung fir sonnenhongreg Vakanzler. Den Hotel Jacaranda (4 Stären) ass eng Buerg mat vill Schwemmen an engem kënstlechem Waasserfall. Confort an Iessen si ganz OK do, besser ass nach wat sech an der Garage verstoppt: eng ganz Rei BMW GS'en, an d'Lëtzebuerger huelen dovun sämtlech 1200'er an nach zwou 800'er a Beschlag.
Deen éischten Tour fänkt laanscht d'Mier un, an den Alain am Lead brauch e puer Sakgaassen ier säin Navi sech ageeicht huet... Beim êischten Héichpunkt, dem Hafe vu „Los Gigantes”, ass et deen aneren Alain dee frësch muss léiere wéi een sech muss uleeë fir e ganze Grupp „à bon port“ ze bréngen. Dëst waren eigentlech schonns all d'Incidenten op dëser Rees, soss gouf et 5 Deeg Fuerspass puer!
Dobäi muss ee wëssen, datt den héchste Bierg vu Spuenien eben op Teneriffa steet de „Pico del Teide”, e Vulkan dee fir d'lescht 1909 gespaut huet, a sech mat 3.718 Meter iwwert de Plage vu Fanabe erhiewt. Et ass och op der Plage... an ënnert der Spëtz vum Teide, wou d'Extremtemperaturen 32 respektiv -5 Grad gemooss gi sinn.
Soss war eigentlech ëmmer ideal Wierder fir Moto ze fueren, esou ëm déi 20 Grad, ënnert Sonn a Wolleken dofir awer ouni Reen. D'Vulkaninsel bitt herrlech Motorradstrecken: „Las Candadas“, der Caldera ënnert dem Teide wou d'Strooss sech op iwwert 2000 Meter héich an enger Moundlandschaft krëmmt; an de Bëscher vun Teneriffa Nord mat de flotte Stied La Orotava, Icod de los Vinos oder Garachico; am enkem Dall vu Masca, wou eng ganz schmuel Strooss sech mat onmoossege Serpentinen de Wee duerch d'Schlucht sicht; am Oste vun der Insel wou weider Gaasse mat géie Steigungen d'Anagabierger mat klengen Häfe beim Mier verbënnt…
Herrlech war och den Ausfluch op d'Nopeschinsel La Gomera, e „Steen“ vun nëmmen 372 m2 (e Brochdeel vum Éislek), wou an de leschte Joren superflott Strecken, mat laanggezunne Kéieren, tëscht Mier & Bëscher op 800 Meter héicht gebaut goufen an hin an hier féieren.
De BMW Club Lëtzebuerg soll den 1. Grupp gewiescht sinn, deen dëst Joër d'Motoen nees all ouni Schued zeréck ginn huet! Dëst obschonn d'Pneue schéi ronn agefuer goufen an d'Bremsplaketten net geschount gi sinn.
Et war op jiddefalls e Superstart an d'Saison 2012, an Teneriffa ass méi wéi derwäert op zwee Rieder entdeckt ze ginn!
Alain Kleeblatt