Nodeem an der Dezember-Ausgab 2009 vum Club-Info eng „Herbst-Tour im Süden Frankreichs, letzte Schräglagen auf verkehrsarmen Straßen im Hinterland der Côte d’Azur“ ugekënnegt gouf, hunn ech fonnt, dass dat nëmmen eng Mega-Saach kinnt ginn, fir sech um Schluss vun der Motosaison nach eng Kéier eng ganz Rei flott Kéieren ze fänken, schéi Landschaften an Hiescht-stëmmungen ze genéissen a virun allem nach eng lescht Kéier virum Wanter Sonn ze tanken an hu mech also prompt fir déi Tour ugemellt. Wéi den Termin lues a lues méi no geréckelt ass, hunn ech mir online d’Wiederprognosen ugekuckt, an do war séier kloer, dass alles stëmme géng, ausser déi Geschicht mat dem „Sonn tanken“. Sonn hin oder hier, mir, dat heescht den Alain, de Claude, de Gilbert, de Jean-Paul an ech (de Marc, deen och matfuere sollt, hat sech stënnterlech ofgemellt) si Freides pünktlech ëm 14.00 Auer mat nei besielte Motoen zu Diddeléng op der Grenz gestart an hunn eis éischt 350 Autobunn-Kilometer bis op Dole ofgespullt. D’Wieder: dréchen an och nach angenehm waarm, Kéieren: natierlech nada. Déi éischt Nuetsetapp hu mir an engem Ibis-Hotel gemaach, wou mir alles an allem net schlecht opgehuewe waren. Just fir beim Owesiessen och dat op den Teller ze kréie, wat ee wollt, war net ganz einfach, well de „Monchichi“ (dem Alain séng Bezeechnung fir eis Serveuse), net ëmmer alles matkritt huet. Et hat zwar net jiddereen direkt säi „Pâté de campagne“ um Teller, mee dofir hu mir awer net schlecht mam „Monchichi“ gelaacht.
Samsdes mueres um 08.30 Auer si mir bei liichtem Reen nees gestart, nach ca. 130 km op der neier A39 an hunn dunn awer hannert Bourg-en-Bresse endlech Landstrooss ënnert d’Rieder kritt. Nodeem et opgehal hat mat reenen, hu mir e puer wonnerschéi Vuen iwwert de Lac du Bourget bis op Aix-les-Bains genoss. Well duerno déi eigentlech geplangte Route gespaart war, si mir eng alternativ Streck gefuer; d’Stroosse waren ugedrëchent an et goufen Kéiere, Kéiere, Kéiere! Uuuaauuu, endlech konnte mir de Gummi op de neie Motosuelen bis op d’Kant afueren. Wéi mir um Col de Granier ukomm sinn, hu mir Mëttespaus an engem léiwe klenge Restaurant gemaach. Meng Tartiflette, „la région savoyarde oblige“, loung mir zwar duerno staark um Mo an och um hënneschte Pneu, mee mir hunn awer d’Streck bis op Grenoble genoss. Mir hate du knapps d’Haaptstad vun de Nëss hannert eis gelooss a ware richteg gutt lancéiert, fir eng Rei flott ausgebaute Serpentinnen eropzeblosen, ewéi viru mir den Alain ëmgedréint an de Bierg nees erofgefuer ass; hien hat nämlech iwwer Funk matgedeelt kritt, dass de Gilbert mat senger GS Adventure, wéinst komesche Geräicher an der Transmissioun, méi wäit ënnen stoe bliwwe war. No enger kuerzer Analyse war séier kloer, dass d’Boîte zimlech sécher nët méi laang matspille géif. Mir hunn mam GPS dee noosten BMW-Concessionnaire gesicht a waren domat gläich nees um „Retour“ op Grenoble. No Récksprooch mam Chef d’atelier war de Bilan kloer, keng Reparatur bis Donneschdes méiglech an och keng Ersatzmaschinn ze kréien ! De Gilbert huet doropshinn décidéiert, fir säi Moto mam ACL ofhuelen ze loossen an en Auto ze lounen, fir dann mat eis am Vercors ze iwwernuechten, ier hien deen aneren Dag heem fuere géng. Wéinst asetzendem Reen an der verluerener Zäit si mir op engem méi kuerzem Wee an ouni de Gilbert an den Hotel zu Les Nonières gefuer. Owes beim Apéritif hu mir d’Christine an de Jean-Charles vum Motoclub vu Monaco getraff, déi eis vum Süden hier entgéint gefuer waren. Virum Nuechtiessen hu mir awer net schlecht gestaunt, wéi de Gilbert net, ewéi geplangt, mat engem Locatiounsauto, mee mat engem Taxi ukomm ass; leider huet hien zu Grenobel keen Auto méi ze loune kritt! No engem Uruff doheem, war Plang B a Kraaft. Säi Meedchen, d’Marion, sollt hien den Dag drop mam Auto an den Hotel siche kommen, fir dann gemeinsam awer nach op d’Côte d’Azur ze fueren.
Sonndes hu mir eis mat 20 Minute Retard, wéinst dem Alain sengem Motoschlëssel, deen hien nëmmen mat Krempes an den Déiften vu sengen Motojacketstäschen ëremfonnt huet, op de Wee no Süde gemaach. De Gilbert ass am Hotel bliwwen, an huet op d’Marion gewaart an d’Christine an de Jean-Charles hunn de Grupp verstärkt. De Wand huet zimlech kräfteg a Raffale geblosen, et huet gereent an d’Wolléken houngen esou déif, dass mir leider déi schéi Landschaften am Vercors net richteg genéisse konnten. Op der Route des Grandes Alpes hu mir bei zollitem Reen Mëttespaus gemaach. Entretemps waren déi éischt vun eis trotz Goretex bannewenneg naass, an eenzelner ware frou, fir sech zum Deel ze strëppen. Leider konnte mir op den Heizkierper am Restaurant näischt drëchnen, well d’Patronne (där eng matt Hoer op der Zong) gemengt huet: „Ah non, il faut rien mettre sur les radiateurs, sinon l’eau qui s’écoule va me faire disjoncter toute la barraque!“ Nom Iessen ass et an derselwechter Wäschkiche weider gaangen, esou dass mir d’Spëtzen vun den Alpes maritimes leider net ze gesi kruten; munch Autofuerer huet eis sécher fir „plemm plemm“ gehalen. Et war 17.00 Auer passéiert, ewéi mir zu Eze am Hotel `les Terrasses d’Eze` ukomm sinn. Vum Mier war näischt ze gesinn, alles loung an de Wolleken. Den Alain huet d’Hallefpensioun fir den éischten Dag ofgesot, well mir vum (MCM) Motoclub vu Monaco fir d’Owes- an och Mueresiessen invitéiert goufen. Wéint dem Reen ass den Jean-Charles eis ëm 19.00 Auer mam Auto siche komm an huet eis an d‘Clublokal vum MCM direkt um Yacht-hafen vu Montecarlo gefouert, wou mir vun hierem Präsident begréisst goufen. Mir hunn hier Reimlechkeeten net schlecht bestaunt, déi vollgestoppt sinn matt all Zorten vun Trophyen aus ettlechen Jorzéngten. Nom Apéritif inklusiv Amuse-bouche, dee si eis offréiert hunn, si mir zesummen an e Restaurant iesse gaangen. Hei sinn de Gilbert an d‘Marion, déi eis iwwert d’Autobunn nogefuer komm sinn, neess zou eis gestouss. Nom Nuechtiessen, huet de Jean-Charles eis fir d’éischt nach iwwer d’Formel 1-Renn-streck vu Monaco gefouert, ier et zeréck an den Hotel goung !
Méindes mueres si mir dann, nach ëmmer am Reen, mat de Motorieder op Monaco an d’Clublokal vum MCM zeréckgefuer, wou e léif gedeckten Kaffisdësch op eis gewaart huet. Kuerz drop si véier Carabiniers du Prince eraspazéiert, fir mat eis e Maufel z’iessen an eis e bësschen iwwert hier Asätz z’erzielen. Besonnesch um Austausch mat eisen zwee „Carabiniers du Grand-Duc“, hate si verständlecherweis e speziellen Interessi.
Duerno si mir dann all zesummen mat de Motorieder, geleed vun de véier Carabiniers, duerch Monaco op de „Rocher“ eropgefuer. Natierlech war eise Motorrads-Corso beim Palais du Prince d’Attraktioun vum Mueren. Nodeems mir e puer Fotoen zesummen gemaach hunn, war et Zäit fir de Carabiniers Äddi ze soen.
Et hat opgehale mat reenen a mir hu mam Jean-Charles décidéiert, de Col de Turini ze fueren. Mee knapps um halwe Wee fir op Sospel, huet et nees ugefangen onmoosseg ze schëdden. Zu Sospel selwer hu mir dofir an engem klenge Restaurant bei enger gehärzter Galette Mëttespaus gemaach. Eis Klamotten waren esou naass, dass si beim Ofdrëpsen den Dësch an eisem Eck bal ënner Waasser gesat hunn.
Nom Espresso houngen d’Wolléken dunn awer net méi sou niddereg, an e klengt „Zwischenhoch“ gouf eis Hoffnung. De Col de Turini huet op eis gewaart, mee d’Strooss fir erop konnte mir leider nëtefräi fueren. Ganz Baache sinn iwwert de Makadamm gelaf, an iwwerall loungen naass Blieder a virun allem och hannert all drëtt Kéier eng Parti Gestengs, vu klenge Stengercher bis zu fatzege Bléck! Um Col ukomm, ass d’Luucht och schon ërem zougaang, an um Wee zeréck an den Hotel war d’Sonn alt neess total „flësseg“. Bei engem gemeinsamen Owesiessen hu mir eis beim Christine, dem Jean-Charles an och dem Präsident vum MCM revanchéiert. Knapps soutze mir um Dësch, stoung déi nächst naass Iwwerraschung virun eis: de Marc Huberty hat sech mueres fréi op seng K100 gesat an ass duerch de Reen méi wéi 1000 km erofgefuer komm. En huet seng Schwëmmheit tëschent de Fangeren eng Grimmel drëchne gelooss a dunn matt eis zu Nuecht giess. E kuerze Bléck op de Wiederbericht virum schlofe goen, huet fir den Dag drop drëschent Wieder, a vun Mëttwochs un dann nëmme nach Sonn versprach. Endlech !
Dënschdes mueres hunn d‘Marion an de Gilbert d’Heemrees ugetrueden a fir eis stoung eng Dagestour ouni Reen duerch verschidden Gorges’en um Programm; mir hate scho bal vergiess, wéi schéin Motorradfueren am Drëchenen ass! Bei der beschtbekannter Confiserie des Gorges du Loup hu mir stall¬gehalen, well de Marc senger Fra versprach hat, eng Këscht „Marrons glacés“ matt heem ze bréngen. Bis zur Mëttespaus ass et op kéieregen, awer nach ëmmer naassen an lafbedeckte klenge Biergstroossen weider gaangen. Um eenheetlechen Mëttesmenu stoung als Haaptplat eng gefëllte Kabesrull, esou dass jiddereen sech virstelle kann, dass mir nomëttes plazeweis mat „Turboboost“ gefuer sinn.
No engem klengen „Interlude“ mat engem verluerene Säitekoffer si mir op drëchene Stroossen - wat gëss de, wat hues de - duerch d’Gorges du Daluis gedosch; lénks, riets, lénks, riets, … einfach herrlech, genau dofir fiert ee Motorrad! Et war bal 18.30 Auer wéi mir zefridden an déi Kéier drëchen (!) zu Eze am Hotel ukomm sinn. De Jean-Paul an ech hunn, wéi den Owend virdrun, nach schnell eng kleng Wellness-Séance an der Sauna gemaach, ier d‘Christine an de Jean-Charles nach eng Kéier op Eze erop komm sinn, fir mat eis zu Nuecht z’iessen an Äddi ze soen.
Mëttwochs, um éischten Dag vun eiser Heemrees, huet dunn d’Sonn iwwer Bierg an Dall oder besser Bierg a Mier geschéngt. No engem kuerze Stéck Autobunn bis hanner Cannes si mir nees op kleng Départementalen ofgebéit, vu wou aus ee wonnerbar Panorama‘en iwwert den Estérel op d’Mëttelmier hat. Och weider nördlech hu formidabel Vuen op eng flott hieschtlech Biergwelt matt Séien a schnéibedeckten Biergspëtzen am Hannergrond eis ëmmer nees iwwerrascht. Oft si mir stoe bliwwen, fir Fotoen ze maachen.