RENNSTRECKEN (Training)

Tatsächlech hu mir eis och alt schon emol op der enger oder aner Rennstreck veriert, awer dat kënnt éierlech gesot zimlech selte vir.

Op Circuit’en oder Rennstrecke ronderëm flitzen ass nun emol net eisen Dada.

Mir hunn och net wierklech déi passend Motorrieder heivir an och séier wéineg „Super-Sportler“ mat dem adäquate Material (RR'en oder zumindest RS‘en) an eise Reien.

Eng GS, RT oder GTL (Desertbomber, Gummikuh oder Luxustourer) gehéiert nun emol einfach net op eng Rennstreck. (An der Autosklass fueren och keng 7er, X5 oder S-Klassen mat Toureween oder Formel 1 Rennboliden zesumme ronderëm.)

Awer wéi gesotware mir an der Vergangenheet och schon op diverse Circuit’en wéi Francorchamps, Zolder, Nürburgring, Brno (CZ), Serres (GR), Nemuno-Ring Kaunas (LT) oder um Goodyear-Circuit um Rouscht ënnerwee, fir e (Rennstrecken- oder Kurven) Training, oder einfach „just for fun“ a fir et eemol richteg fräi lafen ze loossen an den Auspuff duerchzeblosen; - an dobäi hu mir nach guer net esou schlecht ausgesinn, eis wierklech daper geschloen an eis absolut net blaméiert!

Falls sech also an Zukunft eppes ubitt, oder mir eng Invitatioun oder eng interessant Offer kréien, ausschléisse kann a sollt een esou Saache jo och net.

Deemno och hei, avis aux amateurs !