Städte-Reesen, Visiten, Expoen an aner kulturell Aktivitéiten

 STÄDTE-REISE(N)
 
Sinn immens beléift a si schon zënter Joren e feste Bestanddeel vun eisem Programm. Am prinzip fueren (oder fléie) mir 1 x Mol d’Joer an eng gréisser Stad, fir eis déi da méi genau unzekucken.

Et sinn dat Weekend-Trips oder verlängert WE-Ausflich vun 2 bis 4 maximal 5 Deeg, meeschtens mam Flieger (munchmol awer och mam Bus).

Mir hunn dat och alt scho kombinéiert, esou dass mir zwou Stied zesumme besicht hunn oder et mat enger aner kultureller Aktivitéit (Musical, Show, Ausstellung, Zuch- oder Schëfffahrt) zesummen organiséiert hunn.

An dat Flotst heirunner, hei dierf dann och d’Madame, déi ganz Famill, de Noper oder de Kolleg, oder all déi Leit, déi normalerweis bei engem Motostour net matfuere kënnen oder wëllen, gäeren derbäi sinn.

Dat maache mir virun allem, well mir während eisen Motostier eigentlech éischter selten gréisser Visite maache wëllen. Souwuel aus Zäitgrënn wéi och aus praktesche Grënn.

Wee geet scho gäeren am Summer a voller Montur a mat Helm a Motosstiwwelen duerch eng Stad, e Schlass oder e Musée spadséieren?

 

Esou ware mir schon zu Berlin, München, Paräis, Hamburg, London, Wien, Madrid & Toledo, Rotterdam & Amsterdam, Barcelona, Mailand an och scho mam Bernina-Express an der Schwäiz ënnerwee an do dann an der Via Mala, zu St.Moritz an zu Davos.

 

VISITEN, AUSSTELLUNGEN an aner KULTURELL AKTIVITÉITEN

 

Maache mir ëmmer erëm, mol méi mol manner, jee no Offer a Programm, wat sech eben grad ubidd oder sech gutt maache léisst.

Visiten, Ausstellungen, e Musical, oder eng Show sinn oft, (awer net nëmmen) mat Städte-Reesen kombinéiert.

Muséeën, Kino, oder Theater an ähnlech kulturell Saache stinn ëmmer erëm um Programm (Tarzan, Mama-Mia, We will Rock You, oder Ligne-Maginot, ARBED-Site Belval, SES, ASTRA, RTL, Intermot, Night oft he Jumps, BMW-Wierk, Technik-Museum Sinsheim, ….. fir nëmmen déi ze nennen.)

Ausserdeem besiche mir jo traditionell all Joer eng grouss an interessant Stad (mam volle kulturellen resp. historesche Sightseeing-Programm), an dat schon zënter Joren.