... an duerno weider op d'BCE-Treffen zu Engelberg (CH)
Schon am Januar huet den Alain, eisen Tourguide, ugefaang un enger extra schéiner Alpentour ze bastelen. Hie wollt d’Westalpen besichen, déi Géigend wou all Joer Etappe vum Tour de France gefuer ginn. An du goung d’Gerechens lass. Hien huet sech Konditioune gesat. Esou eng Tour vun e puer Deeg muss iwwert déi héchste Bierger féieren an eng onmoosseg Zuel Kéiere musse gefuer ginn, fir vun engem Dall an deen aneren ze kommen. Ugangs August sinn d’Leit déi sech fir dësen Tour ugemellt haten, op Contern an d’Clublokal invitéiert ginn, an do loung fir jiddereen e faarweg gedrécktend a gebonnend Roadbook. E puer hu sech vum Claude d’Weeër op hire GPS luede gelooss an den Alain huet eis den Tour virgestallt a seng Wënsch matgedeelt : fir esou eng Alpentour sollten d’Bremsen net ofgenotzt sinn, d’Pneue misste genuch Profil hunn, d’Motorrieder tipp topp an der Rei sinn, de respektive Code de la Route vun all Land misst respektéiert ginn…, natierlech, just dat mat de Pneuen, dat hat net jidderee gegleeft.
Zwou Woche méi spéit, den 23. August war et endlech esou wäit. Mueres fréi um 7 Auer goung et lass, d’Wieder war wéi am August zu Lëtzebuerg ; gro, knapp 10 Grad, e bësse fiicht. No 150 km Autobunn ware mir an de Vogesen, um Ballon d’Alsace fir eis anzestëmmen, duerno, Hiwwel erop, Hiwwel erof duerch de Jura an no gutt 600 km a bei schéinstem Wieder si mir ënnert dem Genferséi am Hotel ukomm.
Den aneren Dag, et war Sonndes, keng Wollek um Himmel, hu mir déi éischt Collen ënnert d’Rieder geholl. Mir, an dausenden aner Touristen, Motosfrënn, Cyclisten, Autofuerer mat an ouni Unhänger, mir alleguer wollten op d’Spëtz vun de Bierger. Et gouf iwwerholl an hannendru gefuer, et war e bësse Stress bei all deem Trafic.
Mee mir hunn eis all schonn op de nächsten Dag gefreet. Eist Kamerateam, d’Josée an de Gilbert virop, fir alles digital festzehalen, Collen ewéi dee vun der Madeleine, vun der Croix de Fer, de Galibier an natierlech dee vun der Alpe d’Huez, net de normale Wee erop duerch d’lëtzebuerger Kéier mat um Buedem Widmungen un Kirchen, Schleck a Co, nee vun hannen erop, fir d’Saach méi spannend ze maachen, spannend och fir en italieneschen Cyclist deen, esou wéi dee geflucht huet, eis „façon de conduire“ net wierklech appréciéiert huet.
No all deem Gewiessels an de Gäng vum Motorrad, hu mir eis owes zu Corps am Hotel de la Poste duerch Gäng vum Menü geschloen ; amuse-bouche, entrée 1, entrée 2, Haaptplat, Dessert 1, Dessert 2, Kichelcher…..fir dann deen anere Mueren laanscht de Lac du Serre Ponçon op de Col de Pontis, duerno op Barcelonnette an dann op de Col de la Cayolle ze fueren.
Fir dass mir de Bierg op Cime de la Bonette packe sollten, wollte mir eis nach virdrun an engem Restaurant stäerken. Deen éischte wollt eis säin Tagesmenü opzwéngen, dat wollte mir net, deen zweeten hat kee Personal. Spontan huet dunn de Guy d`Initiativ ergraff an der Madame an der Kiche gehollef an och nach de Service op der Terrasse organiséiert. An dunn erop op den héchste befuerbare Pass vu Frankräich; d’Loft gouf dënn, et huet ugefaang mat reenen a mir waren all frou wéi mir erëm am Dall waren an drëchenen Asphalt ënnert de Rieder haten.
A well et jo eng Alpentour war, si mir net virun op d’Côte d‘Azur gefuer, mee erëm nördlech, franséisch Serpentinnen erop, italienesch Tornanti erof, mir hu kee renomméierte Col ausgelooss, fir da schlussendlech um Col vum grousse Benni unzekommen an op iwwert 2400m am Hospice, nieft de Bernhardiner Muppen d’Nuecht ze verbréngen.
Hei héiert mäin Aufsatz op, vun hei aus hunn ech leider missen heem fueren. Bravo dem Alain fir d’Organisatioun vun dësem Tour, a Merci all deenen, déi him op iergend eng Art a Weis gehollef hunn.
Änder REICHLING
Eisen XXL-Alpen-Tour wor awer nach laang nët eriwwer, well vum grousse Benni aus ass et dunn weider an d‘Schwäiz an op d’BCE Treffen zu Engelberg gaang. No all deene ville wonnerbare Franséischen, Italieneschen a Schwäizer Kéieren hunn dann emol déi Leit déi dat am Ufank mat de Pneuen fir Geschwätz gehal hunn, sech op d'Sich no engem neie Saz Gummi gemaach an hunn eng Etapp missen aussetzen, fir um direkten Wee op Engelberg ze fueren. Owes hate mir dann onst 1. Iessen am groussen BCE-Festzelt.
De nächsten Dag hu mir ons dann gut gelaunt op eisen 1. Schwäizer Pässetour gemaach.
Déi gutt Stemmung huet dunn awer en décken Dämpfer kritt ewéi de Jean-Paul onfräiwelleg getest huet wéi et sech esou eng „Pässeabfahrt“ praktesch ouni Bremsen eroffuere léist. Gott sei Dank ass alles gut ausgaang, mee de Jean-Paul an den Alain hunn sech missen op Sich no enger Garage maachen, an dat Freides mettes, kuerz virum Weekend. Owess stoung eng Chinesesch Fondue op 3200m um Programm. Schon aleng déi 45 Minute Wee fir op den Titlis ze kommen waren en Erliefnes; 2 mol emmklammen, dei lescht Bunn huet sech 360° gedréint, fir dass jiddereen déi herrlech Vue genéisse konnt. No engem super Sonnenennergang an dem Iessen ass et am Däischteren bei de Kläng vun der Dréiuergel vu Corps (merci Jean-Paul) nees an Duerf gaang.
De nächsten Dag sotung en Tour mat den Düsseldorfer BMW Frënn um Programm. Schnell nach dem JP säi Moto an den Garage siche goen (esouguer de Patron huet matgeschrauft fir Bremsleitung ze flécken) fir duerno e super Dag ze erliewen. Méi wéi een wäert ennerlech dem R. May säin ‚Über den Wolken‘ gesummt hunn, bei esou Aussichten.
No dem Ofschlossiessen mat den obligatoreschen BCE-Präisiwwereeschungen ass et den Dag drop leider erem heem gaang. Des Tour wäert nach laang jidderengem a gudder Erennerung bleiwen.

Alain BURG