ENDURO oder Off-Road Training & Touren

 

ëfters bidde mir och Enduro oder Off-Road Touren an Trainingen un.

 

Esou abenteuerlech Ausflich an d’Gelänn stoungen zwar net zwéngend all Joer um Programm, awer ëmmer erëm, jee no Interesse.

 

Zur Zäit ass d’Nofro un Off-Road-Aktivitéiten nees zimlech grouss, deemno waren an der Lescht, a sinn och an noer Zukunft. zimlech regelméisseg esou Aktivitéiten um Programm.

 

Dëst si jo och zimlech sënnvoll Trainingen, well et kënnt jo ëfters vir, dass mir och emol op eise groussen Touren iwwer länger Schotterstrecken oder ähnlech schlecht Weeër fuere mussen.

Bei gréissere Reesen wéi z.B. Norwegen, Amerika oder Südafrika sinn „Gravel-Roads“ Programm, an och an den Alpen ginn et net makadamiséiert Weeër (Umbrail-Pass, Col des Glières, Colle delle Finestre oder Passo della Guardia), déi mir dann och fueren.

 

An duerfir ass nun emol e klengen Training virdrun net falsch.

 

Als Club ware mir schon ëfters zu Hechlingen am BMW Enduro-Park, an do fueren och regelméisseg ganz vill Memberen an Eegeregie e Weekend hin, fir hier Off-Road-Erfahrung ze maachen.

 

Fir esou een Off-Road-Stage ware mir awer och scho viru Joren beim Christophe Del Bondio an de Pyrenäen an elo méi rezent am Enduro-Park Andalusien bei Málaga a wäerten och an noer Zukunft e nächsten Off-Road-Training mat Enduro-Ausfahrt do plangen.

 

Gutt a kompetent Leit mat Erfahrung an dem néidegen „Know-how“ an enger flotter a kollegialer Art an enger immens flotter Géigend mat geniale Strecken a wéineg Verkéier an dat alles bei beschtem Motos-Wieder, wat wëll ee méi.

Avis aux amateurs!