Startertouren 2020
03 January 2021
2020 hate mir 10 Startertouren (7 x Samschdes an 3 x Sonndes).
Insgesamt sinn do 155 Leit matgefuer > awer eigentlech nëmmen 58 verschidde Memberen(munnecher 2, 3, 4, 5, 6, 7 oder 8 mol).
An der Moyenne waren dat 15,5, also iwwer 15 Leit pro Startertour!
Ënner deenen 58 verschidde Memberen waren och 6 Soziaen (Passagéier), deemno sin 52 verschidde Fuerer (motard’en) bei de Startertoure matgefuer.
Et ass awer erfreelech, dass 2020 zumindest och e puer vun eise jonke Memberen bei eise Startertoure matgefuer sinn.
Tourguiden waren: AB, FM, MM an CJ
5 mol waren esou vill Leit um Départ, dass mir hu missen zwou (1 x esouguer 3) Gruppe maachen.
Dobäi hunn dann och nach spontan : YO, KP, SM a JPS den 2. (an 1 x och den 3.) Grupp iwwerhol.