Newsletter September-Oktober 2021


16 September 2021

Newsletter No 9/2021 (September/Oktober)

 

Grad eréicht aus den Alpen zeréck, ginn et zum Enn vun der Saison schon nees Ergänzungen, kleng Ännerungen an eng etlech Detailer zu eisen nächsten Aktivitéiten, op eisem ganz chargéierte Programm.

Ausserdem sinn elo dann och déi lescht Umeldungen an Aschreiwungen zu de leschten Ausfahrten, Touren an Iessen vun der auslafender Saison néideg.

Wëllt Dir also nach am September oder Oktober bei enger vun eise villen Aktivitéient matmaachen, dann mellt Iech iwwert de Site un; an/oder, falls et do, wéi rezent de Fall, nees Problemer mam Umelle sollt ginn, dann sot w.e.g. direkt dem responsabelen Tourguide Bescheed (Tel. oder Mail). Merci.

Fir d’alleréischt ass dëse Samschdeg, 18.09. eng Dagestour mam Marc, Départ 09:00 zu Bour bei der ARAL. Well mir beim Dagestour Mëttes iesse ginn, muss de Marc den Dësch am Restaurant am Viraus reservéieren an dofir musst Dir Iech w.e.g. elo direkt also virum Freideg Owend iwwert de Site oder besser nach direkt beim Marc umellen - Merci.

Fir eise verlängerte Weekend-Tour op Rüdesheim vum 24. bis 26. September ass den Umeldeschluss elo ofgelaf, hei sinn 10 Leit ugemellt!

Beim nächste geplangten Event, eisem Nomëttestour, Samschdes, den 2. Oktober mam Marc, ass den Départ um 14:00 Auer zu Sandweiler op der ESSO.

>>  Nom Motos-Tour (géint 18:30/19:00 Auer)  ass  eng  Agape  (Pizza)  an  eisem  NEIE  CLUBLOKAL <<

„CASTELLO BORGHESE“ - 86, rte. de Trèves um Sennengerbierg, geplangt!

Hei ass eng UMELDUNG virum 26.09. erfuerderlech!   >> N.B.: Och Leit, déi den Tour net matfuere, si wëllkomm - mussen sech awer och umellen! <<

Donneschdes, den 07. Oktober ass eisen „Night-Glow (leschte Feierowend-Tour vun der Saison), mam Alain an/oder Yves, mat Départ um 17:30 zu Dummeldeng um Parking 400m uewerhalb vum Parkhotel. Tour mat uschléissendem Iessen, also w.e.g. iwwer eis Homepage oder direkt beim Yves umellen.

Samschdes, den 09. Oktober mecht den Alain dann nach eng Nomëttestour mat Départ um 14:00 Auer zu Stengefort op der ARAL.

Eise Nomëttestour mat Check-Iwwerreechung, dee fir Sonndes, den 10. Oktober geplangt war, muss leider verréckelt ginn an ass elo Samschdes, den 23. Oktober!   

Samschdes, de 16. Oktober ass den ACL Saison-Ofschlosstour, eng Nomëttestour duerch d’Ländchen, mat Départ um 14:00 Auer (r.d.v. ab 13:30) beim ACL an Arrivée zu Monnerech op der Kartingspiste.

Sonndes, de 17. Oktober (deen Dag drop) ass eis Saisonschlussfahrt, eng Dagestour mat Iessen (Mëttes). Départ 10:00 Auer zu Stengefort op der ARAL. Mellt iech w.e.g. un, well fir d’Iessen muss am Viraus en Dësch am Restaurant reservéiert ginn! 
 
Samschdes, den 23. Oktober mecht de Jang eng Nomëttestour an d’Eisleck. Départ ass um 14:00 Auer um Wandhaff op der Total (beim Rond-Point). 
Bei dëser Tour iwwerreeche mir zu Rouderssen um „Gnadenhof“ Q´n Stables der Madame Netti Grassi, déi sech hei ëm eng ganz Rei Déiere këmmert, e Check.
Et wier also flott, wann eng kleng Delegatioun präsent wier, wa mir do den Don iwwerreechen.  
 

Sonndes,
de 24. Oktober ass dann och schon eisen 1. Hierscht-Trëppeltour mam Claude J. R.d.v. ass um 10 Auer zu Bissen, Parking bei der Kierch. Ween duerno wëll mat iesse goen muss sech natierlech umellen!

Bei eiser Saison-Ofschloss-Tour "Ab in den Süden" On- an Off-Road-Training an Tour an Andalusien vum 26. Oktober bis de 6. November, ginn et z.Z. just nach zwou fräi Plaze beim Off-Road-Event vum 02. bis 06. November. Den On-Road-Tour ass ausgebucht!

Den 2. Hierscht-Trëppeltour ass dann Sonndes, de 14. November mam Alain. R.d.v. ass och nees um 10:00 Auer awer déi Kéier zu Uewerkäerjeng (Hautcharage) rue de Bascharage, um Parking beim Kierfecht, an net wéi fir d'éischt ugekënnegt zu Käerjeng bei der Béierhaascht (well déi neierdengs Sonndes zou ass). Nom Trëppeltour gi mir dann och iessen. Ween wëll mat iesse goen muss sech natierlech och umellen!

Samschdes, den 20. November ass e Bowling-Owend am CK Sportcenter Kockelscheier; vun 18:00 bis 20:00 Auer. Duerno Iessen am Restaurant La Duchessa. Umeldungen w.e.g. beim Andreas!

Sonndes, de 05. Dezember ass dann eisen nächsten Trëppeltour mam Andreas. R.d.v. ass um 10:00 Auer zu Steesel, (um Plateau – rue des Champs-Montée Haute). Wee wëll mat iesse goen muss sech umellen!

Alain BURG, Präsident

 
 

bmw-newsletter 09-2021 - sept.-okt.corrigee.pdf