Newsletter November-Dezember 2021


19 November 2021

Newsletter No 10/2021 (November/Dezember)
 

Elo ass se eigentlech gelaf, d’Motorrad-Saison 2021.

E verlängerte WE-Tour iwwert d’Koppe vum Hunsrück un de Rhein an dann duerch de Mëttelrheindall, de Rheingau, den Taunus, den Naturpark Nassau an zeréck duerch de Museldall mat 10 Leit; eisen „Night-Glow“ (lescht Donneschdeg-Owend-Ausfahrt) mat 15 Leit, eis lescht Nomëttestour mat 20 Teilnehmer, an eise leschten offiziellen Dagestour mat nach 1 x 17 Participanten, an net ze vergiessen, (ëm Allerhellegen), eis schon traditionell Saison-Ofschloss-Tour „Ab in den Süden“, oder fir méi genau ze sinn an Andalusien, mat On- an Off-Road Touren op fantasteschen, verkéiersaarme Strecken am Hannerland vun der Costa de Sol mat 2 x 10 Leit, waren déi lescht grouss Aktivitéiten vum Joer. 

Mir hunn also zum Enn vun der Saison nach 1 x esou richteg Gas ginn; Bravo, Super!

Da war och nach Mëtt Oktober eng „End of Season-Tour“ vum ACL, wou ronn 200 Motorradfuerer um Rendez-vous waren a mir als Club gläich e puer Tourguiden gestalt hunn. Mir hate mëttlerweil och schon 2 x Trëppeltier mat jeweils 11 Leit an Enn Oktober hu mir dann och nach 1 Don iwwerreescht.

E grousse Merci all deenen, déi ëmmer nees bei eise villen Aktivitéiten präsent waren a sinn!

Üblecherweis geet et dann ab Mëtt November e bessi méi lues a mir schrauwen eis Aktivitéiten zeréck. Deeg gi méi kuerz, d’Wieder miess an Ausfahrte sinn éischter selten a kënnen dann och nach wiederbedéngt a leschter Minute ofgesot ginn. Déi eng oder aner Wanter-Ausfahrt vun 2 bis 3 Stonnen am Nomëtteg steet  wuel nach um Programm, awer déi sinn da * just wann d’Wieder et erlaabt, also et net reent oder schneit, kee Schnéi läit an et net glat ass oder Minus-Temperaturen herrschen. Also am Beschten ëmmer virdrun Récksprooch mam Tourguide huelen!  

Mir wäerten awer och iwwer d’Wanterméint regelméisseg, also mindestens 1 x de Mount 1 Trëppeltour ubidden, fir dass mir net ganz araschten. Déi 2 éischt TT (24.10. an 14.11.) si scho Geschicht, awer e Sonndeg, de 5. Dezember ass schon eisen nächsten Trëppeltour, avis aux amateurs. R.d.v. um 10 Auer zu Steesel um Plateau (Parking bei der Äppelplantage); - Kontaktpersoun: Andreas Legel.

Bowling-Owender loose mir dëse Wanter einfach ewech, déi si gestrach! Wee wëll schon zwou Stonne mat der Mask Keele spillen? Dat mëcht da kee Spaass an duerfir kënnt dat nees an de Programm wa mir de CORONA endlech lass sinn.     

An deene nächste Wochen a Méint wäerte mir dann un engem flotten an interessante Programm 2022 fir Iech bastelen.

Déi 1. Tour steet jo elo schon: Eis XXL-Schottland-Tour vum 15. bis 29. Juni 2022 (am 3. Ulaf wäert et jo da klappen). Mir starte Mëttwochsmueres de 15. an huelen Owes zu Rotterdam d’Fär op Newcastle. Dënschdes den 28. huele mir och nees do d’Fär fir zeréck a kommen den 29. Mueres an Holland un a sinn am Laf vum Mëttwochmëtteg dann nees zu Lëtzebuerg. Fären a gutt Hoteler, jeweils mat HP si scho virreservéiert. Hadrians Wall, Lockerbie, Isle of Skye, Eilean Donan Castle, Highlands, Loch Ness, asw… vun Braveheart iwwer Highlander, Outlander a bis Whisky-Trail ass alles dran.                                              

Präis: Fuerer + Moto am DZ (Baussekabinn) 2.690€, Sozia/us 2.590€, Zouschlag fir EZ (Kabinn) 950€.

D’Plaze bei dëser Tour si limitéiert (+/-12 Leit) awer et ginn z.Z. nach fräi Plazen.                               

Umeldung esou schnell wéi méiglech – nach virun de Feierdeeg w.e.g. - Merci!  

Ech wënsche Iech all elo schon eng schéin a gemittlech Adventszäit.

Alain BURG, Präsident

 
 

bmw-newsletter 10-2021 nov-dec.pdf