NEWSLETTER MEE 2021


09 May 2021

Newsletter No 5/2021 (Mee)

 

Et leeft erëm, zwar nach net zu 100 %, awer scho mat richteg villen Teilnehmer bei all eisen Aktivitéiten.

Op Trëppeltour, Startertour, Nomëttestour an och Dagestour, wann d’Wieder och nëmmen hallefwegs akzeptabel ass, sinn eis Memberen um Dill a mat vollem Asaz derbäi.

Bei eise 6 Trëppeltier ware jeweils 9 bis max. 20, oder insgesamt knapp 80 Leit mat, dat sinn der am Schnëtt 13 pro Wanderung.

Bei eise 5 Startertoure waren 17, 29, 7 (et hat gereent, geschneit an et waren 2 Grad), 36 a 26 Leit, also insgesamt schon 115 Leit um Start, hei läit also de Schnëtt bei iwwer 23 Leit.

Un eiser Nomëttes-Tour an eiser 1. Dagestour hunn 25 resp. 27 Leit Deel geholl. Et kann een also behaapte, mir hunn oder hate bis elo „Succès fou“ a sinn dann och e bessi Opfer vun eisem eegenen Erfolleg, well mir elo quasi bei all Ausfahrt 2, 3 oder 4 Guide musse stellen.

Mee, mir probéieren elo mol genau an deem Rhythmus weider ze fueren an hu fir iech nach e puer Saachen an eisem Programm bäigesat. 

Nom 1. Feierowendtierchen en Donneschdeg, 6. Mee an dem 5. Startertour, e Samschdeg, 8. Mee, kommen déi Woch drop elo nach bäi:

-          Donneschdes, den 13. Mee (Feierdag vu Christihimmelfahrt) een Nomëttestour mat Départ um 14:00 Auer op der Total Tankstell um Wandhaff (N6) - Kontakt: AB

-          Sonndes, de 16. Mee een Dagestour vu ronn 300km duerch eist Ländchen mat Départ um 09:00 Auer op der Total Tankstell um Mierscherbierg (N7) - Kontakt: AB

NB: Dës Toure sinn eréicht ganz rezent an de Programm bäigesat ginn, well de Schwarzwald-Tour deen ech dëse verlängerte WE fir den ACL sollt fuere, kuerzfristesch, wéinst dem verlängerte Lockdown an Däitschland, huet missen ofgesot ginn. Och am neien Info, deen ënnerwee ass, stinn dës Sortien nach net dran!

Donneschdes, den 20. Mee ass dann och schon den 2. Feierowendtierchen a

Samschdes, den 22. Mee ass eise 6. Startertour mam JN an net wéi ugekënnegt mam CH.

Vum 22. op de 29. Mee ass dann awer och de Camping-Tour a Südfrankräich, momentan nach ëmmer aktuell an hei ass och nach déi eng oder aner Plaz fräi, avis aux amateurs.    

Sonndes den 30. Mee geet et dann weider mam Startertour Nr. 7 an

Donneschdes, den 3. Juni mam 3. Feierowendtierchen,

Sonndes de 6. Juni ass eng Dagestour an d’Belsch geplangt an déi Woch drop ass

Samschdes, den 12. Juni dann de Startertour Nr. 8.

Sonndes, den 13. Juni hu mir och elo nach en 2. Motorrad-Sécherheetstraining fir Iech organiséiert, an och deen ass op 10 Plaze limitéiert! E Catering ass net virgesinn, Äre Ravi (a Form vun engem Picknick) musst Dir Iech selwer matbréngen. Treffpunkt 9:30 SNCT-Kontrollstatioun oder 9:50 zu Schrasseg um Trainingsgelänn (Moto-Ecole Bertrand).
Start ass pünktlech um 10:00! - 
E klengt Virrecht all eise jonken an neie Leit (och Dammen) déi nach ni en Training matgemaach hunn. - 
Tip: waart net ze laang, déi puer Plaze si ganz séier fort. Umeldung via Homepage + 20€ Virement!!

Fir eis XXL-Schottland-Tour gesäit et z.Z. tatsächlech gutt aus an déi 15 Leit déi ugemellt sinn freeën sech drop dëst Joer dann endlech op d’Insel ze dierfen.

Och fir de verlängerte WE-Tour un déi franséisch Atlantikküst gesäit et momentan nach gutt aus an et ka weider um Tour geplangt ginn. Och hei ginn et nach e puer fräi Plazen.  

Och fir de Juli ginn et elo schon Ännerungen.

De Feierowendtierchen dee fir den 1. Juli geplangt war huet missen op den 8. Juli verréckelt ginn!

Den Triathlon zu Iechternach ass elo vum Organisateur definitiv ofgesot ginn, esou dass mir dee WE Samschdes, den 3. Juli eng Nomëttestour an de Programm bäisetzen.

Dee WE drop, Sonndes, den 11. Juli ass dann eise „Relax-Family-Dagestour“, deen eigentlech eréicht fir Samschdes, de 7. August geplangt war, awer no vir verluecht gëtt, well Ufangs August elo eng gréisser Saach stattfënnt, awer bis dohinner kënnt ganz sécher nach eng nächst NEWSLETTER eraus.

Eng gréisser Saach kënnt dann awer och nach matzen am Summer bäi!

Well wéinst der nerveger Pandemie elo och nach de „Raid-Orion“ un d’Seidestrooss bis Samarkand an Taschkent, vum 30. Juli bis 29. August ofgesot an op dat nächst Joer verréckelt gouf, si mir also net fort a kënnen zu der Zäit eng aner flott Tour organiséieren. Schliisslech hu mir jo Loscht och dëse Summer e flotten Tour mam Moto ze dréinen a bleiwen net hei Heem sëtzen fir Daumen ze dréinen, oder?

Also ass dann elo ganz nei am Programm: vum 30. Juli bis den 8. August eng XL-SUMMER-TOUR vun 10 Deeg an zwar an ee Land oder eng Regioun, wou mir ouni gréisser CORONA-bedéngt Aschränkungen reese kënnen an dierfen!

Entweder an Däitschland an Tschechien: TOUR duerch d‘ERZGEBIRGE, oder d’Grenzregioun (D&CZ) an duerch d’Elbsandsteingebirge, d‘Sächsisch Schwäiz, d‘Fichtelgebirge an den Thüringer Wald, (dësen Tour war schon d‘lescht Joer geplangt huet awer och misse wéinst dem CORNA ofgesot ginn);

Oder a Frankräich: DORGOGNE-TOUR, wou mir dem knapp 500km laange Floss vun der Auvergne un duerch Départementer Puy de Dôme, Cantal, Corrèze an Dordogne bis kuerz viru Bordeaux nofueren. Mol kucke wat geet, deemno och hei: «Avis aux amateurs!


Um Enn dann nach e puer Wieder iwwert d‘ACL-Motostouren, eng Zesummenaarbecht mat eise Sponsoren WLTT (we love to travel - Voyages Sales Lentz) an dem ACL. 
Fir all déi Leit, déi bei eis am Programm kee passenden Tour fannen, da grad kee Congé kréien oder einfach nach méi Moto wëlle fuere, kënne mir nach op 3 Motostoure vum ACL hiweisen:

1. e WE-Tour laanscht Musel a Rhein mat enger Iwwernuechtung, de 17. an 18. Juli;

2. eng verl. WE-Tour am Schwarzwald mat 3 Iwwernuechtunge, vum 26. bis 29. August, oder;

3. fir verséiert an erfuere Biker, eng Wochentour duerch d’Bierger „Route des Grandes Alpes“ mat 8 Iwwernuechtungen, vum 4. bis 12. September.
Buchungen: bei all „We love to travel“ Reesbüro an iwwer Tel.: 50 10 50, oder per E-Mail un
acl@weloveto.travelWeider Informatiounen: iwwer www.acl.lu/mitgliederreisen.

Bis dann, bei enger vun eise ville Sortien oder villäicht gläich endlech och nees 1 x op engem gemittleche Clubowend, Donneschdes-Owes an eisem Clublokal, der Pizzeria „Terra Promessa“ op der Sandweiler-Gare. Et steet jo elo eng Lockerung un an do gëtt et jo och eng flott Terrasse am Fräien, feele just nach e puer Grad méi an der Temperatur.

Mir probéieren och weiderhin alles dat duerch ze zéien wat geplangt ass, awer falls et am Laf vun de Wochen a Méint nees néideg sollt sinn, e puer Aktivitéiten ze sträichen oder ze verréckelen, da maache mir dat no deem gewinnte Muster an Dir gitt iwwer Newsletter an Homepage, zäitno heiriwwer informéiert!
Duerfir ass et och wichteg, dass Dir regelméisseg eis Homepage besicht an eis Newslettere liest, fir permanent informéiert ze sinn; Merci.

Bis geschwënn a passt weiderhin op Iech op a bleift gesond.                                                                                                           Alain BURG, Präsident

acl_bigtrip_flyer_motorradtouren_2021_d.pdf

acl_bigtrip_flyer_motorradtour_alpen_2021_d.pdf