Newsletter Mäerz 2021


18 March 2021

Newsletter No 3/2021 (Mäerz)  -  

 

Tjo, et kritt keen Enn, elo musse mir nach eng Koppel Woche waarden, bis mir eis dann endlech nees 1 x op engem gemittleche Clubowend, Donneschdes-Owes an eisem Clublokal, der Pizzeria „Terra Promessa“ op der Sandweiler-Gare, kënne gesinn.

 

A wéi schon ugekënnegt, ass dann och eisen 3. Versuch, e flotte Weekend zu Lissabon ze verbréngen, definitiv gescheitert. Déi Rees ass ganz offiziell vum Reesbüro ofgesot ginn, d.h. mir kréien de gréissten Deel vun eisem Geld zeréck, och wann dat elo nach e puer Méint dauert! (Hätte mir selwer ofgesot, da wär d’Geld, ëmmerhin +- 26.000€, verluer gewierscht.)

 

Wéi Dir jo schonn all wësst, gëtt eis Generalversammlung dëst Joer ausnamsweis „par correspondance“, also iwwert de Postwee, organiséiert. Dat ass e bessi méi Aarbecht fir eis alleguer. Fir eis, well mir Iech dat alles schrëftlech mussen zoustellen, awer och fir Iech, well Är Meenung gefrot ass an d’Generalversammlung, also Dir all, musst entscheeden an duerfir gebiede sidd, de Froebou, dee mir Iech bäileeën, auszefëllen an zeréck ze schécken. Wéi gewinnt kritt Dir an deenen nächsten Deeg eng Broschür mat alle Rapporten, dem Bilan, dem Klassement, dem Programm a sämtlechen Erklärungen. Maacht w.e.g. mat, et geet an dëse schwéieren Zäite leider net anescht. Vill léiwer géife mir iech, wéi üblech, op e gemittlechen Owend mat klenger Agape invitéieren, awer dat ass jo leider nach net méiglech. Momentan musse mir nach all déi vill Kandidature fir de Comité sortéieren, awer an e puer Deeg kritt Dir dann Post vun eis. Duerno hoffe mir dann, vun Iech all ze liesen.

Eisen, ëmmer nach provisoresche, Programm ass liicht ergänzt ginn, awer et ass definitiv net einfach, eppes ze plangen wann ee keng Ahnung huet ob dat dann duerno iwwerhaapt realiséierbar ass. Mir probéieren, alles dat duerch ze zéien wat geplangt ass, awer falls et am Laf vun de Wochen a Méint nees néideg sollt sinn, e puer Aktivitéiten ze sträichen oder ze verréckelen, da maache mir dat no deem gewinnte „modus operandi“ an Dir gitt iwwer Newsletter, an elo dann och iwwert eis nei Homepage, zäitno heiriwwer informéiert!    

Et ass deemno wichteg, dass Dir eis nei Homepage regelméisseg besicht, do dann och d’News an de Programm kuckt an iech iwwert dee Wee dann och zu eisen Aktivitéiten umellt. Natierlech musst Dir Iech duerfir aloggen. Kontaktéiert eis, Dir kritt ganz gären een neie Code geschéckt, (déi aner si mëttlerweil ofgelaf) a mir hëllefen Iech gär weider, falls eppes net direkt klappt. Maacht einfach mat, aktuell si schon 260 Memberen mat am Boot. Fir eis als Comité, dee mëttlerweil nobäi 400 Leit verwalten an een derart grousse Programm mat stännegen Ännerunge geréiere muss, ass et schon eng grouss Hëllef.

Mir wënschen Iech e gudde Start an déi néi Motorradssaison.

Bis geschwënn bei engem vun eise villen Touren a passt w.e.g. weiderhin op Iech op a bleift gesond.



 Eis nächst Aktivitéite sinn:

-          „Porte Ouverte“ bei BMW Delbecq e Samschdeg 20. a Sonndeg 21. Mäerz,

-          déi 2 lescht Trëppeltier vun dësem Fréijoer, 1 zu Schengen an 1 zu Sëll (Saeul),

-          eis éischt offiziell Moto-Sortie, wéi all Joer, traditionell op Ouschterméindeg (r.d.v.13:30 um P&R Sud)  

-          an dann natierlech och eng ganz Serie vu Startertouren!


De ganze Programm vun deene nächste Méint fann dir um PDF deen hei ugespéngelt ass!


Alain Burg, Präsident


programm ab maerz 2021.pdf