NEWSLETTER JULI-AUGUST 2021


28 July 2021

Newsletter No 7/2021 (Juli-August)
 

Lockerungen, weider Mutatiounen, 4. Well, 5. Well, geännert Restriktiounen, nei Impf-Campagne an trotz Impf-Pass ëmmer nees Tester, (virum Atlantik-Tour, virum Musel-Rhein-Tour, virum Tour an d’Erzgebirge a bestëmmt och nach 1 x virum Alpen-Tour), …. ech hunn dees eigentlech sat, wëll awer och net hei Heem sëtze bleiwen a just nach Touren duerch d’Ländche fueren. Wann och (nach) net duerch d’ganz Welt, dann awer zumindest nees duerch eis Nopeschlänner (d’EU) fueren an aner Géigenden, aner Länner, aner Leit (an och nees richteg Bierger) gesinn. Eis ass et net séier genuch gaang fir eis zwou Impfungen ze kréien an endlech nees kënnen hallefwegs sécher ze reesen, awer aner Leit maachen dat sans gène an total respektlos a brénge sech an all déi Aner a Gefor an dreiwen d’Infektiounzuelen ëmmer nees an d’Luucht. Ech kann et mam beschte Wëllen net verstoen, wéisou et nach ëmmer Leit ginn, déi dat net agesinn.

Während deem vill ze laange Lockdown huet sech jo munches geännert. Och an eisem Clublokal huet an der Zäit de „Patron“, wéi och en Deel vun der Ekipp changéiert an d’Usiichten (d’Ideeën) sinn elo net méi déi selwecht wéi virdrun. Déi nei Ekipp ass elo méi op „Restaurant“ getrimmt an et gouf engem schon tëschend den Zeilen erklärt, dass et sech hei em e Restaurant handelt an ee gebieden ass, eppes z’iessen, wat jo virdrun net zwéngend war. Nodeem mir an de leschte Wochen gläich e puer mol Divergenzen, oder, besser gesot, Verstännegungsproblemer mam Personal haten an net ëmmer dat opgedëscht ginn ass, wat (och esou oder an der Form a „selon les règles de l’art“) bestallt ginn ass, huet sech d’Situatioun déi lescht Woch bei eiser Comitéssëtzung zougespëtzt. No enger Kappwäsch vum neie Patron, den Donneschdeg drop, deen awer just déi eng Versioun nogelauschtert hat an eis erklärt huet, mir wären ausfalend ginn … an et géife jo och nach aner Restaurant’en ginn, … war de Fall fir eis all ganz kloer. Mir maachen eis elo op d’Sich no engem anere Lokal, well am „geluewte Land“ ass net de Client Kinnek, mee de Garçon huet Rescht an de Patron wees et besser, och wann e guer net do war ….!? „Dont acte“!

Eist Clublokal op der Sandweiler-Gare ass elo Geschicht.

Ween also en interessant Lokal, Genre Brasserie, am Beschten zimlech zentral geleeën, (ronderëm d’Stat) an no bei enger Haaptachs (Autobunn), wa méiglech mat Terrasse, separatem Raum a Parking kennt, wou et och nach e Maufel z’iesse gëtt, ouni dass dat eng Mussesaach ass, da soot eis w.e.g. Bescheed! Mir brauchen awer demnächst en (neit) Clublokal.    

Weider zum Programm:

Momentan (vum 30. Juli bis den 8. August) leeft grad eis XL-Summertour duerch d’ERZGEBIRGE, (Nord-Böhmen, Sächsische- a Böhmische Schweiz, Elbsandsteingebirge, Vogtland, Fichtel- a Schiefergebirge an Thüringer Wald) also duerch Däitschland an Tschechien.

Duerno, ab Mëtt August, stinn:

-          Do.        den        12. 08. e             Feierowendtierchen,

-          Sa.         de         14. 08.  eng        Dagestour,

-          Sa.         den        21. 08. eng         Nomëttestour an

-          Do.        den         02. 09. e             Feierowendtierchen                      

um Programm.

Den ACL WE-Tour an de Schwarzwald (vu 4 Deeg mat 3 Iwwernuechtungen), vum 26. bis 29. August huet dës Woch leider missen ofgesot ginn, well nëmmen 3 oder 4 Leit ugemellt waren.

Den ACL Alpen-Tour Route des Grandes Alpes vum 4. bis 12. September, eng ganz flott Tour vun 9 Deeg mat 8 Iwwernuechtungen duerch d’Bierger (éischter eppes fir méi verséiert an erfuere Biker), ass awer definitiv fest geplangt a wäert och stattfannen. Bis Dato 6 Umeldungen also nach 2 fräi Plazen!

Et handelt sech hei jo ëm eng Zesummenaarbecht mat eise Sponsoren WLTT (We love to travel - Voyages Sales Lentz) an dem ACL (Automobile-Club), wou BMW Memberen wëllkomm sinn.

Buchung elo: bei all „We love to travel“ Reesbüro an iwwer Tel.: 50 10 50, oder per E-Mail un acl@weloveto.travel. - Weider Informatiounen: iwwer www.acl.lu/mitgliederreisen.

Och fir déi verlängert Weekend-Tour op Rüdesheim vum 24. bis 26. September muss een sech virum 12. August ugemellt hunn. Mat e bessi Chance ass d’Wieder jo dann endlech richteg gutt fir nach e puer Deeg duerch d’Wäinregiounen vu Musel a Rhäin ze cruisen.   

An och fir eise Saisonofschloss „Ab in den Süden“ ON- an OFF-Road Training an Tour an Andalusien vum 26. Oktober bis de 6. November sollt een sech elo esou lues awer sécher umellen!

Dës Toure kënne kombinéiert oder eenzel gebucht ginn! Gutt 10 Leit sinn elo schon ugemellt.
„Avis aux amateurs“ – waart also net ze laang! 

Alain BURG, Präsident

Programme  

 

30.07.

08.08.

Fr.-So.

XL-Summer-Tour ERZGEBIRGE

AB

08:00

Esso

Wasserbillig A1

12.08.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 6

CJ

17:30

Total

Merscherberg

14.08.

 

----

Sa.

TAGESTOUR (Hohes Venn)

MM

09:00

Aral

Friedhaff

21.08.

 

----

Sa.

Nachmittagstour

JN

14:00

Total

Windhof

26.08.

29.08.

Do.-So.

ACL-SCHWARZWALD-TOUR

ACL

 

  

 ANNULÉ

02.09.

 

----

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 7

JPS

17:30

Gulf

Junglinster

04.09.

> 

12.09.

Sa.-So.

ACL-Tour Route des Grandes Alpes

ACL

08:00

Texaco

N31 Dudelange

16.09.

 

 

Do.

FEIEROWENDTIERCHEN 8

SM

17:30

Total

Merscherberg

18.09.

 

----

Sa.

TAGESTOUR (durch Luxemburg)

MM

09:00

Aral

Bour

19.09.

 

----

So.

Nachmittagstour mit Grillabend

?

14:00

???

 ???

24.09.

> 

26.09.

Fr./So.

verl. WE-Tour nach RÜDESHEIM

AB

???

Esso

Wasserbillig A1

02.10.

 

----

Sa.

Nachmittagstour

MM

14:00

Esso

Sandweiler

07.10.

 

----

Do.

Night-Glow

AB

17:30

Parking

Dommeldange

09.10.

 

----

Sa.

Nachmittagstour 

AB

14:00

Aral

Steinfort

16.10.

 

----

Sa.

ACL-Saisonschlussfahrt

ACL

???

???

???

17.10.

 

----

So.

Letzte Tagestour (Saisonschluss)

AB

10:00

Aral

Steinfort

24.10.

 

----

So.

Trëppeltour Hierscht 1

AB

10:00

???

???

26.10.

02.11.

Di.-Sa. 

On-Road-Tour Andalusien

AB

07:00

Vol

Aéroport

02.11.

06.11.

Di.-Sa. 

Off+Road-Training+Tour

AB

07:00

Vol

Aéroport

15.06.

30.06.

Mi.-Mi.

XXL-SCHOTTLAND-Tour 2022

AB

 

 

 

 

 Dat Wichtegst bei all eisen Touren a Reesen: Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un!

Mir probéieren eise Programm duerchzezéien wéi hei ugekënnegt, awer falls et am Laf vun de Wochen a Méint nees néideg sollt sinn, e puer Aktivitéiten ze sträichen oder ze verréckelen, da maache mir dat no deem gewinnte Muster an Dir gitt iwwer Newsletter, zäitno heiriwwer informéiert!                                                           
Et ass och net ausgeschloss, dass ev. nach déi eng oder aner méi kleng Saach bäikënnt.

Et ass a bleift also wichteg, dass Dir regelméisseg eis Homepage besicht an eis Newslettere liest, fir permanent informéiert ze sinn;

Merci. 

bmw-newsletter 07-2021 - juli-august.pdf