Newsletter Januar 2021


10 February 2021

Newsletter No 1/2021 (Januar)
 
Fir d’alleréischt, all deenen, déi ech bis elo nach net begéint, geschriwwen oder telefonéiert hunn, nodréiglech nëmmen dat Bescht, am elo scho net méi ganz neie Joer. Ech hoffen dir hutt et all gutt a virun allem gesond ugefangen.
Eisen traditionellen Neijorsempfang konnt dëst Joer aus deene längst bekannte Grënn jo leider net organiséiert ginn, awer eisen 1. Trëppeltour, de 17. Januar2021 war schon een éischte klenge Succès am nach jonke Joer. Déi 11 Leit, déi dee Sonndeg mat an de Schnéi spadséiere waren, hunn sech jiddefalls gefreet an et war och wierklech immens flott. Iwwert de Stengeforter-Autopédestre ass et déi ganzen Zäite laanscht d’Eisch gaangen, vun der aler Schmelz zu Stengefort bis op Clairefontaine an der Belsch an op der aner Säit nees zeréck. 
Elo steet et dann och fest, minimum nach ee weidere Mount musse mir eis gedëllegen, bis mir eis dann ev. nees op engem gemittleche Clubowend, Donneschdes-Owes an eisem Clublokal, der Pizzeria „Terra Promessa“ op der Sandweiler-Gare, treffe kënnen. 
Wéi Dir scho wësst, ass dëse Wanter jo dann och kee Bowling.

Eis nächst Aktivitéiten sinn: 
  • eng Wanter-Ausfahrt mam Moto e Samschdeg, 30. Januar (wann d’Wieder et erlaabt);
  • den Trëppeltour, Sonndes, de 7. Februar zu Leideleng;
  • eng Wanter-Ausfahrt mam Moto e Samschdeg, 27. Februar (wann d’Wieder et erlaabt);
  • den Trëppeltour, Sonndes, den 28. Februar zu Blaschend; an
  • den Trëppeltour, Sonndes, de 14. Mäerz zu Péiteng 
(NB: wann d’Wieder et erlaabt - heescht: wann et net zevill reent oder schneit a keng Glatäisgefor besteet)

Déi kuerzfristeg fir Mëtt Februar (an der Fuesvakanz) geplangten On- an/oder Off-Road-Tour an Andalusien loosse mir och sinn! Ze grouss si momentan nach d’Risiken an ze ongewëss ass déi aktuell Situatioun. Rezent negativ Tester bei Hin- a Réckflug, Quarantainen a kee Serum „en vue“ fir eis normalstieflech Vacancier’en, wahrscheinlech nach méintelaang net …. schéngt guer net méi gewënscht ze sinn an d’Vakanz ze fueren … a scho guer net ze fléien.

An aus genau deene selwechte Grënn muss dann zimlech sécher och nees (an dat dann elo fir 3.) eise Weekend-Trip op Lissabon ofgesot, resp. verréckelt ginn. Speziell a Portugal si momentan d’Infektiounszuelen an Zuel vun den Doudesfäll méi héich wéi jee. De Lockdown geet zwar eigentlech just bis Enn Januar, awer et ass kaum virstellbar dass déi dat a 6 bis 7 Wochen am Grëff hunn an ee mat rouegem Gewëssen dohinner fléie kënnt. Leider ass et awer esou dass mir mussen ofwaarden bis si et selwer ofsoen, fir net all eis Acompten ze verléieren.

An och eis Generalversammlung kann a wäert definitiv net zum gewinnten Zäitpunkt, am Mäerz, ofgehale ginn, a sécher och net an der gewinnter Form! Well mir awer och dëst Joer eng Assemblée Générale mussen ofhalen, maache mir dat dann dëst Joer ausnahmsweis iwwert de Postwee! D.h. am Kloertext, Dir kritt alles schrëftlech zougestalt, all Rapport, eise Bilan, d’Klassement an de Programm an natierlech och e Froebou (Questionnaire) wou dir all eis Froen mat JO oder NEE beäntwere kënnt. E puer där Froen drängen sech dëst Joer einfach op, wéi z.B. de „changement d’adresse“ vun eisem Siège Social, (well dëse war beim BMW-Dealer an do huet de Propriétaire an d‘Adresse kierzlech gewiesselt) an dat erfuerdert nun emol eng Statutenännerung, oder d’Festleeë vum Montant vun der Cotisatioun 2022, oder ………. – an dat muss alles d’Assemblée Générale, also Dier décidéieren (also ukräizen, ënnerschreiwen an zeréckschécken w.e.g.)!

Fir de Rescht vun eisem Programm bleift et elo mol bei deem wat geplangt ass, a falls et dann am Laf vun de Wochen a Méint nees néideg sollt sinn, e puer weider Aktivitéiten ze sträichen, oder ze verréckelen, da maache mir dat no deem gewinnte „modus operandi“, also iwwer Newsletter, an demnächst da sécher och gläich iwwert eis nei Homepage!
Eis nei Homepage ass no e puer Wochen intensiver Aarbecht elo esou gutt ewéi prett a wäert och an deene nächsten Deeg fräigeschalt ginn, esou dass Dir Iech dat alles ukucke kënnt an Iech dann w.e.g. och do direkt umelle sollt!

Passt weiderhin op Iech op a bleift gesond.

Alain BURG, Präsident