Newsletter Dezember 21-Januar 22


23 December 2021

Newsletter No 11/2021 (Dezember/Januar)

 

Schon nees geet ee stressegt a verwurrelt Joer op en Enn. Vill Onrou an Duercherneen an ëmmer erëm Aschränkungen an Ännerungen. Nach eng Saison déi eis richteg eppes ofverlaangt huet, e bessi manner zwar wéi dat Joer virdrun, awer trotzdem eng weider organisatoresch Erausfuerderung fir eis all.    

Mee elo wëlle mir net zeréck kucken, ob dat wat alles war, oder eben net war, mee hoffnungsvoll a mat Virfreed no vir kucken, ob dat wat 2022 eis brénge wäert. E bessert Joer, vill schéin Touren a Reesen oder aner Aktivitéiten, déi mir fräi, onageschränkt, an all zesumme genéisse kënnen. 

No der Saison ass jo och virun der Saison.

Mir hunn eis Hausaufgabe gemaach a fir 2022 e ganz flotten an interessante Programm fir Iech opgestalt, wou eiser Meenung no, och fir jiddereen eppes derbäi ass: fir déi, déi NEI derbäi sinn, fir déi, déi e bessi manner oder e bessi méi gemittlech ënnerwee wëlle sinn, fir déi, déi méi laang, méi wäit oder méi intensiv wëlle rullen oder fir déi, wou eng Woch definitiv net genuch ass. Ausfahrten mat méi Pausen, méi Terrassen, méi Kultur oder léiwer mat Bulli a Stëps, also „tout-terrain“. Et misst fir all Gusto eppes derbäi sinn, Dir musst Iech just déi passend Tour eraus sichen.
A w.e.gl. mellt Ich mat Zäiten un!

An déi nei Saison starte mir, esou wéi mir déi lescht opgehalen hunn, nämlech mat engem Trëppeltour an zwar zu Elveng (Elvange/Schengen), den 9. Januar.

E puer Deeg drop, den 13. Januar ass dann eisen Neijoersempfang an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg.    

Vun Januar un hu mir dann och nees regelméisseg Clubowenter an zwar elo mol, fir déi nächst 3 Méint, (Januar bis Mäerz) zwee mol de Mount an dat all 2. a 4. Donneschdeg am Mount. Duerno décidéiert sech dann, ob et an deem Rhythmus weider geet, oder mir eis eventuell nees méi oft (all Woch) gesinn.

Erlaabt mir, Iech op dëser Plaz och nach un de Beitrag 2022 ze erënneren. Dee sollt dann, falls et net scho geschitt ass, an deene nächsten Deeg iwwerwise ginn. NB.: Fir 2022 ass de Beitrag op 50 € festgesat ginn. (Décisioun vun der AG 21). Net just de Präis huet geännert, mee och d’Méiglechkeet wéi Dir Är Cotisatioun bezuele kënnt. Ab dësem Joer kritt Dir iwwer Mail eng Erënnerung geschéckt an dëst ass dann, wéi bis elo per Iwwerweisung méiglech oder awer, vill méi schnell a vill méi einfach, fir Iech ewéi fir eis, direkt mat Ärer Kredit-Kaart!

 

Bleift mir um Enn just nach Iech all an Äre Léifsten, schéin a gemittlech Feierdeeg ze wënschen an e gudde Rutsch an dat neit Joer an dass all Är Wensch a gutt Virsätz an Erfëllung ginn, mir all gesond bleiwen an d’nächst Joer och nees déi eng oder aner Tour zesumme kënne fueren.  

   

Alain BURG, Präsident

 

programme 2022.1 januar-juni.pdf