NEWSLETTER AUGUST-SEPTEMBER 2021


17 August 2021


Newsletter No 8/2021 (August/September)


Ganz esou schnell war eigentlech nach keng nächst Newsletter virgesinn; awer e puer kleng Ännerungen am Programm, esou wéi e puer kuerzfristeg néideg Umeldungen zu de leschte gréisseren Toure vum Joer erfuerderen dann awer dëse Schrëtt.

Fir d’alleréischt ännert dëse Samschdeg 21.08. beim Nomëttestour den Tourguide. Wéi geplangt ass den Nomëttestour um 14:00 Auer mat Départ op der Total um Wandhaff; awer net de Jang (JN) ass Tourguide, mee den Jean-Paul (JPS)!

Beim nächste geplangten Event, eisem Feierowendtierchen, Donneschdes, den 2. September ass den Départ NET wéi annoncéiert zu Jonglënster, mee zu Réimech op der ARAL Tankstell, 36, rte. de l’Europe, déi 1. (oder déi ierwëscht) vun deenen zwou ARAL-Tankstellen!

Den ACL Alpen-Tour Route des Grandes Alpes vum 4. bis 12. September, ass elo och AUSVERKAF!

Fir eise verlängert Weekend-Tour op Rüdesheim vum 24. bis 26. September muss een sech elo definitiv umellen (also nach dës Woch) well d’Hotelzëmmer musse gebucht ginn!

An och fir eise Saisonofschloss „Ab in den Süden“ ON- an OFF-Road Training an Tour an Andalusien vum 26. Oktober bis de 6. November muss een sech elo umellen! Knapp 10 Leit sinn do schon ugemellt. „Avis aux amateurs“ – waart also net ze laang! Hei mussen Zëmmer, d’Motoen an d’Plazen am Fliger  reservéiert ginn. Dës Toure kënne kombinéiert oder eenzel gebucht ginn!

Zur Zäit si mir och ëmmer nach op der Sich no engem flotten, gutt geeegente neie ClublokalWeen also en interessant Lokal, Genre Brasserie, am Beschten zimlech zentral geleeën, (ronderëm d’Stat) an no bei enger Haaptachs (Autobunn), wa méiglech mat Terrasse, separatem Raum a Parking, kennt, wou et och nach e Maufel z’iesse gëtt, ouni dass dat eng Mussesaach ass, da sot eis w.e.g. Bescheed! Mir brauchen demnächst en (neit) Clublokal.    

Alain BURG, Präsident

bmw-newsletter 08-2021 - august-september.pdf