NEWSLETTER Abrëll 2021


08 April 2021

Eis aktuell NEWSLETTER ass e klenge REMINDER zu eisem leschte Courrier, eiser ASSEMBLÉE GÉNÉRALE  „par correspondance“.

 

 

Léif Memberen;

 

Well eng „normal“ Generalversammlung CORONA-bedéngt dëst Joer leider net méiglech ass, hu mir Iech viru Kuerzem iwwert de Postwee eis dësjähreg Assemblée Générale „par correspondance“ ob dës Manéier zougestalt.

Vill léiwer hätte mir Iech all getraff fir (wéi gewinnt) zesummen e flotten Owend mat enger klenger Agape ze verbréngen, awer dat geet zur Zäit jo leider nach net.

 

Mir hu weder Zäit nach Méih gescheit an hunn Iech eng säitendéck Brochure mat allen Aktivitéitsberichter vum Joer 2020 an dem Programm 2021 zougestalt an hoffen, Dir hutt Iech dat alles och ugekuckt.  

 

Et houng awer och e Questionnaire mat drun, dee mir Iech gebieden haten auszefëllen a mat der virfrankéierter Envelope un eis zeréck ze schécken (oder mailen).

 

Mat dësem REMINDER wollte mir all déi Leit, déi dat bis elo nach net gemaach hunn, nach ee mol bieden dat dach w.e.g. virum 15. Abrëll ze maachen.

 

Mir wëlle wierklech Är Meenung wëssen a brauchen einfach Är Äntwerten fir als Comité kënne korrekt weider ze schaffen.

Et kascht Iech knapp 5 Minuten Zäit de Formular auszefëllen, Erklärungen zu all Punkt ginn et eiser Meenung no genuch, an den Envoie ass gratis.

 

Hëllft eis w.e.g. andeems Dir de Froebou demnächst zeréck schéckt an dot eis dat w.e.g. net un, och nach eng Assemblée Générale Extraordinaire iwwert de Postwee ze organiséieren.

Mir hunn an dëse schwéieren Zäiten eigentlech scho genuch domadder ze dinn, alles ëmzeplangen, ze verréckelen oder 2 bis 3 mol ze organiséieren.

 

MERCI fir Är Mataarbecht a bis geschwënn, bei enger vun eise villen Touren - a passt w.e.g. weiderhin op Iech op a bleift gesond.

 

Alain BURG, Präsident