Newsletter #9 - Décembre 2022


22 December 2022

Dëst ass dann definitiv déi lescht Newsletter an dësem Joer !

Nodeems den Trëppeltour vum 11. Dezember, wéinst Bulli, Bëschaarbechten an och wéineg Interessen an duerno dann och nach d’Advent-Ausfahrt vum 17. Dezember, wéinst Minustemperaturen an äiseger Keelt hu missen ofgesot ginn, geet d’Saison 22 dann, ouni Aktivitéit am Mount Dezember, op en Enn.

Eis bleift elo just nach,

Iech all an äre Léifsten, ganz schéin a gemittlech Feierdeeg

an ee gudde Rutsch an déi nei Saison ze wënschen !

E puer wichteg Datumer sollt Dir Iech awer elo schon op Ärem neie Kalenner markéieren :

Am neie Joer geet et direkt lass an dir musst iech, bei vereenzelten Aktivitéiten, och esou schnell wéi méiglech umellen. (>Beim Enduro-Training zu Hechlingen, wéi och bei eiser Rees op Lissabon, ass den Délais fir sech unzemellen schon de 15. Januar!)

Mee der Reih no:

-          den 12. Januar ass Neijoersempfang an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg!    

-          zwee Deeg drop, de 15. Januar ass dann och schon den 1. Trëppeltour am neie Joer.                                                        
Duerno kommen nach weider Trëppeltier an déi eng oder aner Wanterausfahrt derbäi. 

-          Um verlängerte Weekend vum 3. op de 5. Mäerz ass dann elo déi Rees am Programm, déi schon 3 x huet misse (wéinst dem COVID) ofgesot ginn; eis Städtetour op LISSABON. > Umeldung bis 15.01.

-          den nächste wichtegen Datum ass den 10. Mäerz, do ass nämlech eis ASSEMBLÉE GÉNÉRALE   an dat och nees am Centre Jean XXIII (séminaire) um Weimeschhaff, Kierchbierg. Jo, ganz richteg, dësen Datum hu mir scho missen änneren !

-          Sa. den 11. Mäerz an de WE drop (Fr.17.->So.19. März) ass eng Formatioun fir eis Tourguiden,

-          an de WE vum 31. 03. an 1. Abrëll ass den Enduro-Training zu Hechlingen > Umeldung bis 15.01.

-          am Abrëll sinn dann wéi gewinnt eng Reih Startertouren an op Ouschterméindeg, déi 1. offiziell Sortie. Duerno geet et da lass mat den éischte gréisseren Touren.

Eise Moto-Sëcherheets-Training mam a beim Tom Bertrand ass fir Sonndes, de 16. Abrëll geplangt!

-          ëm den 1. Mee (28./29.Abrëll bis 1. Mee) ass e verlängerte WE-Tour an d’Schwäbische Alb,

-          vum 6. bis 9. Mee ass e verlängerte WE-Tour an de Massif-Central > Umeldung bis 05.02.

-          den 13. a 14. Mee ass e WE-Tour an d’Bergische-Land

-          vum 27.5. bis 3.6. ass eise Camping-Tour (dëst Joer eng mixed On- an Off-Road-Tour) > Umeldung bis 15.02.

-          an der Woch vum 17. bis 25. Juni ass eng gréisser Tour un de Gardasee …. asw. geplant ;

-          a fir Ufank September (1. bis 11.) ass och elo schon eng gréisser Tour a Kroatien geplangt!

Dëst si just e puer Eckdaten a gréisser Events déi elo scho geplangt sinn a fest stinn a wou dir iech scho kënnt den Datum notéieren oder umellen. Aner Touren, grousser a klenger wéi och Off-Road-Touren sinn nach a Planung a kommen nach bäi, grad wéi e Sécherheets-Training!

Wichteg: Bei all eisen Touren oder Trainingen sinn d’Plaze limitéiert an dir musst iech mat Zäiten umellen!

 

Da wëll ech op dëser Plaz och nach drun erënneren dass d’Cotisatioun 2023 elo fälleg ass!

Dir sollt also w.e.g. demnächst 50€ op eisen BCEE-Kont No.: LU90 0019 5155 1954 3000 iwwerweisen.

(NB: eisen CCPL-Kont hu mir zou gemaach, dee gëtt et vun elo un net méi.)

 

Vergiest net: eis regelméisseg Clubowenter, 2 x mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount -          och fir 23 (also den 12.01. (Neijoersempfang) – 26.01. – 09.02 – 23.02. – 09.03. – 23.03. – 13.04. – 27.04. asw… )   an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg!    

 

Fir de Comité vum BMW Moto Club Lëtzebuerg

Alain BURG, Präsident

 

 

programme provisoire 2023.pdf