Infoflash

Clubee



10 February 2021

Léif Memberen;
 
Eis nei Club-Homepage ass no e puer laange Wochen elo endlech erëm aktiv. 
Iwwer www.bmwmotoclub.lu kënnt Dir nees, wéi gewinnt, drop goen an Iech de Kalenner vun den Aktivitéiten, d‘Fotoen vun deene leschte Joren, vill flott Filmer, eng ganz Rei interessant Reesberichter an e Sak voll Informatiounen ukucken.
(Dir hutt hei bestëmmt fir e puer Deeg ze kucken an ze liesen.)
 
Dës nei Homepage ass en Deel vun eisem neie Gestiouns-Programm, dee mir an deene leschte Wochen, op der Base vum „Clubee-System“, fir Iech opgebaut hunn. 
 
An deene nächsten Deeg kritt all Member vun eis, also dem BMW Moto Club Lëtzebuerg, dann och iwwer de „Clubee-System“ en Aktivatiouns-Link gemailt. 
Dobäi ass dann och e Mode d’emploi, wéi Dir dann Äre perséinleche Kont kënnt opmaachen, fir Iech dann och direkt iwwert eis nei Homepage fir d’Aktivitéiten vum Club anzeschreiwen.
 
de Comité