D‘Meteo war fiicht dëse Sonndegmoien, wéi sech, wéi all Joer, iwwer 20 Bikerinnen a Biker um Trainingsgelänn vum Gilbert an Tom Bertrand afonnt hunn. Et konnt also nëmme besser ginn, an no enger Initiatioun iwwert d‘Motorradfueren an der Théorie ass dunn an zwou Gruppen de prakteschen Deel vum Motorradtraining an all senge Facette gestart ginn.
Slalom, Bremsen, Auswäichen, Geschécklechkeet, enk Kéieren, Aachtercher asw. et war, wéi all Joer, vun allem eppes dobäi an d‘Motivatioun vun de Biker(innen) war bei deene ville Widderhuelungen ze spieren.
Déi eng oder aner Korrektur ass dann och fachlech a roueg vum Gilbert, Tom oder Wolfgang erkläert ginn.
Kuerz no Mëtteg war et dunn un der Boucherie Kirsch, déi eis een exzellente Barbecue zerwéiert huet.
Gestäerkt fir den zweeten Deel vum Dag sinn déi nächst Übungen a Geschécklechkeetsformen dann och bewältegt ginn.
E gelongene Start an d‘Motorradsaison an eng flott zousätzlech Léierstonn iwwert d‘Motorradfueren.
Säi Moto beherrschen a besser kenneléieren ass heimadder nees eng Kéier vemëttelt ginn....
Op e Neits dat nächst Joer a vill flott onfallfräi Kilometer.
Jean NOEL