Saisonstart op Madeira

Blummen, Schnéi a ganz vill Kéieren
 
D'Kaiserin Sissi war zu Madeira. An de Winston Churchill. A bestëmmt vill anerer... An ier d'Motossaison an onse Breedegraden esou richteg ugefaangen huet, ass eng Equipe vum BMW Moto Club op d'Insel vum éiwege Fréijoer geflu vir do mat gelounte Maschinnen honnerte vu Kéieren ënner d'Rieder ze huelen. Datt op der Blummeninsel iwwert 1600 Meter héich och emol Schnéi loung war dach eng Iwwerraschung.
Freides de 25. Februar war Rendez-vous an der neier Aerogare. Getraff hunn sech ons „Meedercher“ Josée, Marie-Paule, Nathalie an Nina, hir Pilote Gilbert, Carlo, Claude an Alain. Den Albert war och op der Rees, en hat allerdéngs de Choix vu véier Rieder gemeet. Well d'Luxair d'Insel am Atlantik aus dem Wanterprogramm gestrach hat, ass d'Rees mat der portugisescher Airline TAP ënnerholl ginn. D'Madame Elisabete vum Reesbüro Táki-Tálá war dobäi eng grouss an efficace Hëllef. Ëm Mëtternuecht ass d'Equipe um Fluchhafe geland, eng abenteuerlech Piste déi als enger vun de geféierlechsten an Europa agestuuft gëtt. Den éischte Bléck op d'Bierger vun der Vulkaninsel huet schonns vill Spaass um Moto versprach, de Wee bis an den Hotel huet dëst bestätegt. Mee nach war et net esou wäit. 
Bei waarmem Wieder gouf, vum flotten Hotel Bahia Azul aus, d'Haaptstad Funchal „per pedes“ ënnert d'Lupp geholl. Mat der Seelbunn goung et op Monte, mat der Exploratioun vum fantasteschem Park „Monte Palace Tropical Garden“. Niewent dem Park sinn och déi faméis Kuerf-Schlitter mat Touriste biergan geschéckt ginn: dëst war fir d'Participante vum BMW-Tour dach ze geféierlech an/oder ze deier.
Biergop/biergof ass et dunn vun Dënschdes un gaangen, nodeems mir bei «Magos Car» d'Motorieder an Empfang geholl haten: et waren dëst eng R1200GS (Gilbert & Josée), eng R1200R (Alain & Nina) an zwou F800GS (Carlo & Marie-Paule; Claude & Nathalie). Den Albert hat sech vir e (4Rad) Modell vu Suzuki entscheet...
A la queuleuleu hannert dem Nina an dem Alain - déi sech als Tourguide qualifizéiert hate, well se schonns 5 (!) mol virdrun op der Insel vun de Blummen an vum éiwegem Fréijoer waren an es ni genuch kréien - ass et dunn an d'Gewulls vu Kéieren a Serpentine gaangen, mat Koppen a Päss ee méi géi ewéi deen aneren. Madeira ass en (heemlecht) Paradäis fir Motocyclisten, mat herrleche Stroosseféierunge, mat net manner herrleche Landschaften, wou déi héich Bierger ni wäit ewech vum Atlantik leien. 
 185668631d94dd28fd69a094d7b68e1480b772_.jpeg   1856688613a9193e6f27afd7c1f52654acc1a8_.jpeg  
Et wär méisseg hei all Tour eenzel opzezielen. Flott ass, datt een all Uertschaft, Pass a soss Plazen déi een „absolut“ muss gesinn hunn, an engem Dagestour vum Hotel kann erreechen. Richteg ass, déi ganz Insel ass kaum méi grouss wéi onst Éislek. Mee et kann een, vum Hafe vu Funchal aus, an 20 Kilometer op den 1818 Meter héige Pico do Ariero eropfueren, mat Stéigungen vun bis zu 20%! D'Insel zielt dräi grouss Päss. Vun Osten no Westen: den Portela (620 Meter), de Poiso (1412 Meter) an den Encumeada (1007 Meter). D'Strooss iwwert de Plateau vu Paúl da Serra läit an enger Héicht vu 1600 Meter. Vun all deene Bierger ginn et Stroossen déi „riicht erof“ - awer mat ganz vill Kéieren - bei d'Mier féieren. Riichtaus a flaach geet et eigentlech nëmmen an den Tunnellen, déi awer esou wäit wéi méiglech vum Tourguide ignoréiert goufen! Als absoluten Highlight gëllt déi al Nordstrooss tëschent Ponta Delgada a Santana: schmuel onbeliichten Tunnellen wou et nëmmen esou dra reent, Stroosse mat Pavé grad esou breet wéi de Guidon vun der GS an dëst tëschent Fiels an Ozean. Et gëllt sécher net méi ze laang ze waarden fir dëst Erliefnis mat ze kréien, et gëtt schonns fläisseg un den Tunnellen fir déi nei Schnellstrooss gebuert...!
1856683e3258c6f8d1c368a2808453d5fec709_.jpeg    185668e90e31eff6e2ba56e8ec7e8f058c1bc3_.jpeg    
Déi kleng Stroossen si leider oft an engem schlechten Zoustand, an hunn dunn och eng Felg kascht. Och bei voller Konzentratioun a richteger „Kurvenhatz“ si keng grouss Moyennen dra, wann een déi grouss Stroossen an d'Autobunn op der Säit léist. Esou kommen op engem Dag knapp 200 Kilometer zesummen, dofir awer 200 Kilometer voller Spaass. 
Et gëtt awer och méi wéi genuch Geleeënheete fir stoen ze bleiwen. De Claude huet missen d'Rumfabrik zu Calheta besichtegen; d'Nathalie huet sech net ginn bis datt et déi typesch Heisercher vu Santana konnt vu banne bewonneren; d'Josée ass an der Vulkangrotte vu Sâo Vincente net aus dem Staunen erauskomm; d'Nina kennt all Buttek op der Insel an d'ganz Equipe konnt es net genuch kréie vum Spektakel vun de Wellen déi géint d'Fielse vum Stiedchen Porto Moniz geschloen hunn. Och hei ass et schwéier all flott Plaze vu Madeira opzezielen, et gëtt der einfach ze vill, an dëst gëllt och fir d'Miradouro'en („point de vue“). A wann een wéi d'Nina an den Alain fir d'6. Kéier op dëser klenger Insel ass, weess ee vu méi gudde Restauranten wéi der an enger Woch ze packe sinn. Dem Alain säi Favorit bleift ouni Zweifel den «Tar Mar» zu Jardim do Mar; déi flottsten Aussiicht bei guddem Iessen bitt de «Cachalote» zu Porto Moniz; en aussergewéinlech gudde Spiiss op Lorbeeren gëtt et an der «Caso de Pasta» zu Chão da Ribeira an Zopp am Brout genéisst een am typesche «Casa de Palha» zu Sâo Jorge. Elo misst een nach vu Kierche mat aussergewéinlech räichem Interieur berichten, vu faarwegen Mäert a rustikalen Wäikelleren… 
1856686080eac19fff50bd0198a199f5260292_.jpeg    185668fb3416d79eaf63daee6fd5c885cf5d5b_.jpeg
Fir d'Equipe vum BMW-Club hat d'Insel vum éiwege Fréijoer am Februar 2011 eng ganz rar Surprise bereet: esouwuel um Pico do Ariero wéi op Paúl da Serra loung Schnéi! 
E wonnerbaren Ubléck, och wann am zweete Fall de Peloton et dach virgezunn hat d'Kéier ze maachen.
185668f0049f344a8a944da62089d0855bd687_.jpeg    185668106e957258751adb85e483e828f2ca7a_.jpeg
Déi 5 Deeg Moto op Madeira ware sécher e gelongenen Tour, och wann den Tourguide nach vill Plazen... net gewisen huet: eng Ursaach méi fir d'Blummeninsel iergendwann erëm an de Programm vum Club ze huelen! Virdrun, et ass versprach, wëll den Tourguide dat ganzt op Teneriffe widderhuelen, eng Insel mat manner Blummen awer och - uewen um Teide - garantéiert Schnéi!    
Alain Kleeblatt
 
Fakten zu Madeira:   
Portugisesch Insel am Atlantik, nördlech vun de Kanaren Haaptstad : Funchal Gréisst : 740 Km2 (d'Haaptinsel) Awunner : 240 000 Héchste Bierg : Pico Ruivo (1862 Meter) Hotel : Bahia Azul, touristesch Zone zu Funchal Motoen : Magos Car Wierder : Ëmmer gutt fir Moto ze fueren! Stroossen : Autobunn a Schnellstroossen fir déi aner; kléng kniwweleg Stroossen, (oft mat schlechtem Belag) wou d'Motorrieder bal ënner sech sinn.