De leschte Sonndeg virum Summerufank, deen eenzegen sonnegen Dag zënter laangem, hunn sech mueres zu Käerjeng 15 Leit op 10 Motoen op de Wee gemaach fir e flotten Tierchen duerch déi franséisch Grenzregioun ze dréien. Iwwert de Col de l’Europe goung et um kierzte Wee an eist südlecht Nopeschland an do dann gläich duerch de schéine Kordall (Vallée de la Chiers). Duerch d’Stiedchen Cons la Grandville mat sengem imposante Schlass, (och hei hat den Vauban d’Fanger mat am Spill) an sengem ganz alen (Héich)-Uewen. „Nee, Marc, et ass wierklech keen risegen Pizza-Uewen fir déi ganz ganz grouss Pizzaen“.
Duerch Bëscher an iwwer schéin geschwonge Stroossen, lanscht säfteg Wisen an flott Feierblummefelder (wou ech esouguer e Fasan um Stroosserand entdeckt hat) goung et op Louppy-sur-Loison, mat sengem flott restauréierte Schlass. Op der Streck konnt een hei an do och nach vereenzelt, zum Deel verfale Bunker an der Landschaft entdecken (al Iwwerrechter vun der Maginot-Linn). Weider goung et laanscht d’Meuse, wou lëtzebuerger Fëscher schon zenter Joerzéngten kiloweis Fësch eraus zéien (och mir woren als Kanner oft derbäi). Paralell zum alen natierlechen Flosslaf mat all sengen Kéieren, Wieren an klenge Waasserfäll leeft de Meuse-Kanal mat sengen villen Schleisen. Iwwert eng vun dësen Meuse-Schleisen goung et dunn Richtung Kaffispaus an duerno dann duerch déi mystech `Forêt d’Argonne` wou viru ronn 100 Joer, während dem 1. Weltkrich vun 1914-1918 (der `Grande-Guerre` wëi d’Fransousen soen), bedeitend Schluechten geschloen goufen an dausenden Zaldoten hiert Liewe gelooss hunn. Dat kann een och guer net iwwersinn, mat all deene riesegen Militärkirfechter, Monumenter an Memorialen, lanscht déi een hei fiert. Hei, an der ganzer Géigend ëm Verdun woren onmoosseg vill Schluechtfelder, Bunkeranlagen an emkämpften Stellungen. Iwwert Deeler vun der `route des forêts, lacs et et abbayes` si mir géint 13.00 Auer am Restaurant `A l’Orée du Bois` ukomm, wou mir eis Mëttespaus an engem super flotte Kader gemaach hunn; en echte Glécksgrëff! An no engem gudde Maufel an duerno och nach, fir déi eng Kéiss an déi aner Dessert, si mir mat engem gutt gefëllte Mo zimlech beschwéiert op eis Motorrieder geklotert an hunn d’Mëttesetapp an Ugrëff geholl.
Iwwert schéi geschwonge Stroossen an iwwert grouss Deeler vun der `route Ligier-Richier` (bekannten `Renaissance`-Sculpteur aus der Lorraine 1500-1567) wou ee vill vu sengen Skulpturen bewonneren kann (wann een Zäit huet) goung et, no engem kuerze Tankstopp, dunn viru bei de Lac de Madine. E klengen Ofstiercher op de `Montsec` erop huet einfach misse sinn, och wann et schon zimlech spéit wor. Bei deem schéinen an kloere Wieder hat een einfach eng mega Vue op de Lac an déi ganz Emgéigend.
No dëser klenger Paus goung et dunn lanscht d’Musel an een alen réimeschen Aquädukt zeréck op Diddeleng. E flotten an gemittlechen Dagestierchen duerch eng schéin an historesch interessant Géigend!
Alain & Liette BURG