KLEINANZEIGEN (Annoncen)

Hu Dir e Motorrad, Motorrads-Accessoiren, Ersatzstécker, Bekleedung, eng Remorque, oder Handwierksgeschier ze verkafen, dann setze mir Iech (wann dir Member vum BMW Moto Club Lëtzebuerg sidd) gäeren eng kleng Annonce mat enger (ev och zwou) Foto(en) op eis Homepage.

Schéckt w.e.g. per E-mail eng Beschreiwung mat Foto, Präis an Ärer Telefonsnummer (wou een Iech erreeche kann) un eise Comitésmember Albert Ghys: info@bmwmotoclub.lu

Dir sidd dann natierlech d’accord dass dës Informatiounen öffentlech gemaach ginn an dir sidd verpflicht eis all Ännerung matzedeelen, virun allem, wann den Artikel verkaaft ass, esou dass mir deen dann och nees vun eiser Homepage erof huele kënnen. 

Konditiounen :
- ass just fir eis Memberen reservéiert
- muss privat sinn (keng kommerziell Annoncen)
- muss e Bezug zum Motorrad hunn
- e Suivi muss gemaach ginn (d.h. mir musse gläich informéiert ginn wann den Artikel verkaft ass)