REESEN mat BUS, ZUCH, FLIGER oder SCHËFF resp. FÄHR!

An eisem Programm bidde mir regelméisseg all Zorte vu Reesen un!
 
Duerfir brauche mir vun Iech öfters och nach e puer weider Donnéeën, wéi z.B. 
- de genaue Numm (bei Fraen natierlech de Meederchesnumm!)
- de genaue Virnumm (net Jhemp mee Jean-Paul, net Pitt mee Pierre, net Ronny mee Ronald, net Pierrot mee Jean-Pierre, net Nic oder Nico mee Nicolas an net Maggy mee Marguerite), also de Numm wéi en op der Carte d’Identité oder eben am Pass steet. Aus Erfahrung wësse mir dass et och ka richteg deier ginn, wann do eppes net korrekt ass, - duerfir och ëmmer direkt alles iwwerpréiwen! 
- den 2. (oder 3.) Virnumm (bei deenen déi een hunn) 
- déi genau Adresse mat Code Postale
- d’Nummer vun Ärer Carte d’Identité an de
- Gültegkeetsdatum (+3 Méint)
- d’Nationalitéit(en)
- Marque, Modell a Plaque vum Moto/Auto, 
 
REESEN mat GELOUNTE MOTOEN an AUTOEN
 
stinn och regelméisseg um Programm, an duerfir brauche mir dann, zousätzlech zu all deenen virgenannten Donnéeën och nach vun Iech
- Äer Führerschäinsnummer
- den Ausstellungsdatum an
- d’Gültegkeet
- ween de Führerschäin ausgestallt huet
- Ären Alter
- a wéi eng Klassen dier fueren dierft
 
NB: Wéinst dem neien Dateschutzgesetz dierfe mir all déi Donnéeën net späicheren an duerfir muss dat ëmmer erëm gefrot ginn, Mee souwisou ass z.B. de Pass nëmme kuerzzäiteg gülteg an dat nei Dokument huet da souwisou eng aner Nummer (idem beim Führerschäin ab engem gewëssen Alter)