Zesummen Ennerwee

Zesummen Ennerwee

Date

24/09/2023

Heure

13h00 - 18h00

Lieu

HAL IRBICHT - BERINGEN

Hal Irbicht, 0 Rue Irbicht, Mersch

Une carte de Google Maps a été bloquée parce que vous n'avez pas autorisé son chargement

Le chargement du contenu bloqué ajustera vos paramètres de confidentialité. Le contenu de ce service ne sera plus bloqué à l'avenir. Vous avez le droit de révoquer ou de modifier votre décision à tout moment.

Pour en savoir plus, consultez notre Politique de confidentialité, Mentions légales et Paramètres des cookies

Informations

Fir d’Alleréischt en décke Merci un de Guill (Kaempff), dass hien iech all d’Invitatioun schon zougeschéckt huet.
Wéi zënter 1999 all Joer (ausser Covid-bedéngt 2020 an 2021) fuere mir dëst Joer am Rahme vum „Zesummen Ennerwee“ eisen 23. Motos-Tour mat eise behënnerte Frënn.
Et ass awer schon de 40. „Zesummen Ennerwee“ an duerfir wäert dëst Joer de Grand-Duc beim Départ derbäi sinn.
Wéi ëmmer ass dëst Event de leschte Sonndeg am September also dëst Joer de 24. September.
A wéi gewinnt geet et och nees géint 14:00 Auer zu Beringen bei Miersch fort an duerfir ass ab 13:00 Auer r.d.v. sur place (virun der Hal Ierbecht).
Prinzipiell misste mir och nees eng Police-Escort hunn.
A (laut den Infoen vun den Heimer) dierften et 40 bis 45 Interessenten ginn fir mam Moto mat ze fueren (ass jo och Wiederbedéngt).
Dëst Joer féiert eis Streck op Mondorf an den Domaine Thermal. 
D’Streck hunn ech esou wäit préparéiert, (do fehle just nach kleng Détailer) an déi huet ronn 118km (64km Hin an 54km Zeréck).

Fir dat Ganzt e bessi ze geréieren (a fir dass um Enn och genuch Motoen um r.d.v. sinn) mellt iech w.e.g. un :

S'INSCRIRE

PS : 2. Helm asw. net vergiessen w.e.g.