TRANSPYRENAICA - ON & OFF ROAD TOUR
Datum
02/08/2022 - 22/08/2022
Zäit
08h00
Spillort
Départ station ESSO - Esch/Alzette
ESSO TERRE ROUGE, 59 Rue d'Audun, Esch-sur-Alzette
Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Dokumenter
Informatiounen
Elo huet dann och eisen TRANSPYRENAICA-Tour 22, den ultimative Motostour vum Atlantik und d’Mëttelmier, queesch duerch d’Pyrenäen, Form ugeholl. Et gëtt eng Tour vun 2 oder 3 Wochen, je no Gusto entweder vum 2. oder als „light“-Versioun, vum 10. bis den 21./22. August; an zwar souwuel als ON- wéi och als OFF-Road-Tour! Dir musst iech just nach entscheeden wéi (On- oder Off-) a wéi laang (21 oder 13 Deeg) Dir matfuere wëllt. Dëst ass allerdéngs just eng Tour fir erfueren a suedelfest Biker an eng gutt Motorrad-Beherrschung, och an enke Kéieren an op Serpentine-Strecken, vill Erfahrung an eng gutt Konditioun, si Viraussetzung ! A fir all déi, déi den Off-Road-Deel wëlle matfueren, sinn hei dann och déi néideg Kenntnisser, Tout-Terrain-Erfahrung an dat richtegt Material (Stollepneuen) e Must. Et stinn a Frankräich wéi och a Spuenien eenzel Deelstécker vum TET (Trans-Euro-Trail), wéi och quasi de kompletten ACT (Adventure-Country-Tracks Pyrenäen-Tour) um Programm. Awer wéi gesot et geet alles och „On-Road“ an et kann een allzäit switchen, grad wéi ee Loscht huet.