Dass eist Ländchen a Punkto Buergen a Schlässer enorm vill ze bidden huet, war schon beim 1. Buergen-Tour 2018 ze gesinn. 15 Kulturfrënn (11 Motoen) waren dat lescht Joer um Départ, dëst Joer fir déi 2. Editioun waren et der nees 15 (13 Motoen), déi bei herrlechem Wieder queesch duerch de Südwesten vum Grand-Duché op d’Sich no de verbleiwende Schlässer a Buergen, resp hiere Ruinen gefuer sinn.
Start war um Wandhaff, wou mir iwwer Mamer, Cap, Nouspelt, Miersch a Pëtten, wou d’Virbereedungen fir d’ Buergfest den aneren Dag voll am Gang waren, Richtung Colmar-Bierg gefuer sinn.
Et ass schon eng imposant Gebailechkeet, wou eise Grand-Duc do résidéiert. Kuerz duerno hu mir dat schéint Schlass zu Biertréng passéiert (leider ass et dem Verfall iwwerlooss), Schued, well et ass eigentlech e schéint Schlass an enger verwëlderter Gewan.
Eigentlech sollte mir och nach Gemengerésidenz zu Ierpeldeng un der Sauer besichen, awer de Verkéier an a ronderëm Ettelbréck war kuerz viru Mëtteg einfach ze grouss. Duerfir si mir kuerzerhand Richtung Useldéng ofgebéit, wou dëse Weekend dat grousst Mëttelalterfest programméiert war. Iwwer Aansebuerg, Märjendall an Huelmes ass et weider gaangen Richtung Schëndels, wou mir quasi vis-a-vis vum Schlass eis Mëttespaus gemaach hunn.
Duerno si mir nees durch “d’Vallée des 7 Châteaux” op Simmer gefuer. Bis op Käerch, bei d’Fookeschlass, dat schon zënter Joren restauréiert gëtt war et dunn och net méi wäit.
Iwwert d’Gäichel si mir Richtung Arel gefuer, wou e puer Kilometer hannert der belscher Nopeschstad och nach ee ganz flotten Highlight am “Bois d’Arlon” steet. Fir Hochzäiten, Fester a grouss Eventer ass de “Château du Bois d’Arlon” fir een Dag, respektiv e Weekend ze lounen. Déi traditionell Foto ass dunn natierlech och virun dem imposante Schlass gemaach ginn.
Zeréck am Ländchen ass et lanscht dat gutt verstopten Privatschlass zu Kéinzig gaang. A ween net wees wou dat Schlass ass, dee fënnt et och net esou séier. Zu Käerjeng hu mir dunn, fir e klenge Patt an/oder déi eng oder aner Glace e kuerzen Halt beim Prési gemaach iert mir déi lescht Etapp an Ugrëff geholl hunn.
Et stoungen dann nach d’Schlass vu Betten op der Mess, de Siège vun der APEMH, um Menu; an als kréinenden Ofschloss dat och nach flott Schlass vu Suessem. Eigentlech war jo nach virgesin beim “Château de Septfontaines” (dem Villeroy & Boch-Schlass) am Rolléngergronn an als kréinenden Ofschloss dann och nach beim Palais an der Uewerstad Halt ze maachen, mee et ass jo algemeng bekannt, dass et an eiser Stad um Samsdeg Mëtten en uerge Stauvirus gëtt, ... a grad dann mat all deene Motoen .... naja ....
Alles an allem eng interessant Tour iwwert 220 km duerch eist wonnerschéint Ländchen an all deenen, déi dobäi waren e grousse Merci fir den Interessi an déi exemplaresch Diziplin.
Jean Noel