Buergen-Tour II (2019)

Dass eist Ländchen a Punkto Buergen a Schlässer enorm vill ze bidden huet, war schon beim 1. Buergen-Tour 2018 ze gesinn. 15 Kulturfrënn (11 Motoen) waren dat lescht Joer um Départ, dëst Joer fir déi 2. Editioun waren et der nees 15 (13 Motoen), déi bei herrlechem Wieder queesch duerch de Südwesten vum Grand-Duché op d’Sich no de verbleiwende Schlässer a Buergen, resp hiere Ruinen gefuer sinn.

Start war um Wandhaff, wou mir iwwer Mamer, Cap, Nouspelt,  Miersch a Pëtten, wou d’Virbereedungen fir d’ Buergfest den aneren Dag voll am Gang waren, Richtung Colmar-Bierg gefuer sinn.

185668326a5053b17e474888394b1e65ac7357_.jpeg  1856680b37edf7160d85cca0e14edc75c7ae70_.jpeg 

Et ass schon eng imposant Gebailechkeet, wou eise Grand-Duc do résidéiert. Kuerz duerno hu mir dat schéint Schlass zu Biertréng passéiert (leider ass et dem Verfall iwwerlooss), Schued, well et ass eigentlech e schéint Schlass an enger verwëlderter Gewan.

185668328cf396057503ae554a3076bb382233_.jpeg  1856685ee686c05439a2daf5009f8f73b507e5_.jpeg

Eigentlech sollte mir och nach Gemengerésidenz zu Ierpeldeng un der Sauer besichen, awer de Verkéier an a ronderëm Ettelbréck war kuerz viru Mëtteg einfach ze grouss. Duerfir si mir kuerzerhand Richtung Useldéng ofgebéit, wou dëse Weekend dat grousst Mëttelalterfest programméiert war. Iwwer Aansebuerg, Märjendall an Huelmes ass et weider gaangen Richtung Schëndels, wou mir quasi vis-a-vis vum Schlass eis Mëttespaus gemaach hunn.

  185668351f6a915d1c0fe94daa9a1e0ec46451_.jpeg  18566820168e4e02f1cc5ddaf3eeaacd9b1c40_.jpeg  185668cb3da6f27a02eb9dd8f8767f5caba73b_.jpeg 

Duerno si mir nees durch “d’Vallée des 7 Châteaux” op Simmer gefuer. Bis op Käerch, bei  d’Fookeschlass, dat schon zënter Joren restauréiert gëtt war et dunn och net méi wäit.

18566802bfe7d330fc79cceec260d21f540e33_.png  185668e1eec494e384cc208138badb3da56dcf_.jpeg  

Iwwert d’Gäichel si mir Richtung Arel gefuer, wou e puer Kilometer hannert der belscher Nopeschstad och nach ee ganz flotten Highlight am “Bois d’Arlon” steet. Fir Hochzäiten, Fester a grouss Eventer ass de “Château du Bois d’Arlon fir een Dag, respektiv e Weekend ze lounen. Déi traditionell Foto ass dunn natierlech och virun dem imposante Schlass gemaach ginn.

185668b5ad85e25232873f22aaefc26d1c773a_.jpeg  1856683750c77813bcb1726522ea64d73edf20_.jpeg

Zeréck am Ländchen ass et lanscht dat gutt verstopten Privatschlass zu Kéinzig gaang. A ween net wees wou dat Schlass ass, dee fënnt et och net esou séier. Zu Käerjeng hu mir dunn, fir e klenge Patt an/oder déi eng oder aner Glace e kuerzen Halt beim Prési gemaach iert mir déi lescht Etapp an Ugrëff geholl hunn. 

185668aadc6cf1004f8c41f272878cf7d21412_.png  1856688ef1ecfaa021b16647210ddab19dbd0e_.jpeg  

 Et stoungen dann nach d’Schlass vu Betten op der Mess, de Siège vun der APEMH, um Menu; an als kréinenden Ofschloss dat och nach flott Schlass vu SuessemEigentlech war jo nach virgesin beim  “Château de Septfontaines”  (dem Villeroy & Boch-Schlass) am Rolléngergronn an als kréinenden Ofschloss dann och nach beim Palais an der Uewerstad Halt ze maachen, mee et ass jo algemeng bekannt, dass et an eiser Stad um Samsdeg Mëtten en uerge Stauvirus gëtt, ... a grad dann  mat all deene Motoen .... naja ....

185668c39113ca3ec3bb3ac7bfc711479dae2c_.png  185668fae80f7d354c3a5239e8eb9e3237fdf1_.png

Alles an allem eng interessant Tour iwwert 220 km duerch eist wonnerschéint Ländchen an all deenen, déi dobäi waren e grousse Merci fir den Interessi an déi exemplaresch Diziplin.              

 Jean Noel