Well et zimlech komplizéiert war mat 11 Motoen duerch d’Stad iwwer Walfer op Heeschdref ze fueren an dobäi déi Russesch Ambassade déi verstoppt am Bësch läit net gesinn ze hunn, si mir kuerzerhand Richtung Sennengerbierg gefuer. De Regierungssëtz ass zwar och nëmmen tëscht den Hecken erduerch ze erkennen, den Ofstiecher war awer derwäert. Weider goung et laanscht D‘Ruinen zu Hesper (13. Jh.) op Beetebuerg mat sengem flott amenagéierten „Hotel de Ville“ (1733) an duerno op Diddeleng wou mir eis, duerch d‘ Mëttelalterfest, d’Buerg och nëmmen a Gedanke virstelle konnten. E klengen Ofstiecher iwwert déi franséisch Grenz huet awer och nach misse sinn, well e puer Kilometer hannert der Grenz, huet Rodemack (un des plus beaux villages de France) mat senger imposanter Duerfbuerg aus dem 9. Jh. eis erwaart, (och nach loutrengescht Carcassonne“ genannt). Eng 7km laang Mauer, an 170 ha grouss, dat sinn d'Eckdate vun eisem nächste Schlass zu Preisch, méi bekannt bei de Lëtzebuerger duerch säin 18-Lach- Golfterrain. Dëst Schlass ass 1680 zerstéiert ginn, déi riseg Parkanlage mat Waassergrief sinn awer nach ëmmer erhalen.
No der Mëttegpaus zu Fréiseng, si mir direkt bei dat flott restauréiert Schlass op Uespelt gefuer, deemnächst Sëtz vun der Fréisenger Gemeng. Laanscht dat gutt verstoppte Wëntrenger Schlass ass et iwwer Stadbriedemes (Domaine Vinsmoselle) weider gaange laanscht d‘Schlass vu Betzder (Gebuertsuert vun eisem Grand-Duc, elo Sëtz vun der SES) Richtung Buerglënster, wou mir virum gutt erhalene Schlass e klenge Fotoshooting gemaach hunn.
No Fëschbech (Residenz vum Grand-Duc Jean) si mir op schmuelen, knubbelege Stroossen bei deen ausseruerdentleche Bau vun 1880, dem Schlass Meesebuerg, matzen an der Gewan, gefuer, ee flott restauréiert Schlass, an eng kleng Geheimadress, ... Top.
Laanscht d’Buerge resp. d‘Schlässer vun Larochette, Beefort, Bettenduerf a Branebuerg huet eise Wee eis op Veianen, bei déi wuel gréissten a bekanntste Buerg am klenge Grand-Duché gefouert. Duerno goung et op flotte Motorradsstrecken laanscht d‘Our iwwer Stolzebuerg op Ischpelt (Urspelt), eng flott Adress fir sech emol e Weekend gutt verwinnen ze loossen. Iwwer Klierf, wou am Schlass déi permanent Ausstellung „Family of Man“ ass, si mir weider op Wolz gefuer, wou d‘Schlass als Héichschoul ëmfunktionéiert gouf. D‘Ruine vun Esch/Sauer, idyllesch geleeën, héich iwwert dem Sauerstiedchen, war eis nächst Destinatioun. Weider goung et laanscht d’Pëttener Schlass, wou eisen 1. Buergen-Tour dann och säin Enn fonnt huet.
Wéi gesot, et ass zäitlech nëmmen duer gaange fir ronn d'Halschent vun eise Buergen, Schlässer oder Ruinen aus deene verschiddene Joerhonnerten ze bewonneren an ze fotograféieren, duerfir rendez-vous den 11. Mee 2019 fir den 2. Buergentour duerch Lëtzebuerg.
Jean Noel