Mam rouden Zuch duerch de wäisse Schnéi

Een absolut grandiosen Tour hunn déi 50Leit erlieft, déi Mëtt Mäerz mat mam Bus an d’Schwäiz gefuer sinn. Wéi oft hu mir bei eise Motostouren duerch d’Alpen de rouden Zichelchen um Bernina oder Albula begéint a fotograféiert. Esou oft hu mir doriwwer geschwat an dovunner gedreemt selwer och e mol mam Bernina-Express duerch d’Bierger ze kurven. De 15. Mäerz wor et dunn endlech esou wäit. Mueres fréi, et wor nach däischter, hu mir zu Monnerech den Départ geholl a sinn iwwer franséisch a schwäizer Autobunnen mam grénge Luxusbus vum Sales-Lentz an d’Schwäiz gefuer. No eiser Mëttespaus an der „Krone“ zu Dietikon ass et laanscht den Zürichsee a Walensee weider gaang op Chur an Thusis. An deem flotten a familiär gefouerten Hotel „Weiss Kreuz“ wore mir dräi Deeg exzellent opgehuewen a goufen och nach kulinaresch gutt verwinnt.
18566823d968f12c23fa830a66db463cf4625e_.jpeg  185668bb1da6d47924c19c904086053d12ade8_.jpeg  185668520cdd12c3af42ded77940ce39a2c0ca_.jpeg
Deen anere Mueren huet eise Chauffer eis op Tiefencastel gefouert, wou mir op eisen Zuch gewaart hunn. De Bernina-Express vun der „Rhätische Bahn“ ass, zesumme mat der grandioser Bierglandschaft, duerch déi hien sech schlängelt, wierklech een eenzegaartegt „UNESCO“ Weltierwen, dat och d’Häerzer bewegt, esou steet et och am „Travel Guide“. Op 122 Kilometer, duerch 55 Tunneler an iwwer 196 Brécken ass d’Streck vum Bernina-Express tatsächlech een eenzegaartegt Meeschterwierk vun der Ingenieurskonscht. Hei just e puer Héichpunkter vun ënnerwee: Den 142m laange Landwasserviadukt, kuerz hannert Tiefencastel, féiert iwwert eng 50m héich Pfeilerbréck, direkt an en 200m laangen Tunnel an eng senkrecht Fielswand eran.
185668fa521fa6658185dcae5b0b650f6e89c6_.jpeg  185668ceeca24c3c91e65ea1352134408e2605_.jpeg  185668bbc899e6c16d710d2fc9c6478791097c_.jpeg 
Kaum ze gleewen, awer dës Pfeiler goufen ouni Gerüst erriecht. Zwëschen Bergün a Preda, wou den Héichtenënnerscheed iwwer 400m bedréit, hu missen eng Rei Kéiertunnelen, Viadukten, Brécken a Schutzgallerien ugeluecht ginn wou den Zuch sech dann regelrecht erop schrauft, anescht wier déi géi Steigung guer net ze packen. Et ass erstaunlech, wéi schéin sech d’Streck hei an d’Landschaft afügt. Bei Preda geet et dann, op enger Héicht vun 1800m, duerch dee knapp 6 km laangen Albulatunnel, a scho si mir am Engadin. Hei geet et laanscht Samedan a Pontresina um Fouss vum Piz Bernina 4048m, wat fir eng genial Kulisse. Mir krakselen de Bernina erop, et geet bedeitend méi lues wéi am Summer mam Moto. Kuerzen Halt beim Ospizio Bernina. D’Statioun läit op 2253m an ass domadder och déi héchst geleeën Statioun vun der Räthische Bahn. Nächsten Halt: Alp Grüm, matzen an enger eemoleger Bierglandschaft. Hei hält den Zuch e Strapp a mir kënnen eraus klammen fir déi phantastesch Panoramavue ze genéissen.
185668c1e423f7ff75893a426486409fa8d307_.jpeg  185668fe886514242d1a1a470ddadb77bb4bc5_.jpeg  18566855d644d88d7206f16791ad33caeffa6b_.jpeg
Duerch de Val Poschiavo geet weider biergof Richtung Tirano an hei komme mir dann bei de berühmten Kreesviadukt vun Brusio, wou mir eis gemittlech awer sécher, regelrecht nees no ënne schrauwen. Et ass net nëmmen genial flott, mee mécht och Sënn wéi den Zuch sech op engstem Raum quasi ëm sech selwer dréint fir den Héichtenënnerscheed iwwerhaapt ze bewältegen.
185668cea3c3613df0109c21408d154533fb34_.jpeg  185668825633f985441c1d45da4f98cc47890d_.jpeg  185668f7a6ac36190e2dc443e0d83bd18a71d5_.jpeg
Mir si mëttlerweil an Italien a komme kuerz drop zu Tirano un. Hei ass nach Zäit fir eng gutt Pasta an natierlech och nach déi eng oder aner erfrëschend Gelati, iert mir dann mat eisem Bus zréck iwwert den Bernina kutschéieren. E klengen Halt hu mir duerno nach zu St. Moritz gemaach, e mondäne Wantersportuert op 1800m. Et ass wuel eng vun de bekanntesten Tourismus Destinatiounen op der Welt, wou Luxus a Lifestyle grouss geschriwwe ginn an déi dichteg Hoteler an extravagant Boutiquen op hier gutt betuchte Clientèle waarden. Déi imposant Bierg- a Séilandschaft hei ass einfach flott. No dësem klengen Ofstiecher bei der High-Society goung et iwwert Silvaplana an de Julierpass zréck op Thusis.
1856680dd919aebe9bee4a568b627fa4125af6_.jpeg  1856680998661954530c2147df0a2872b886b3_.jpeg  185668563cf4650e24ca90e137956065035af9_.jpeg
De nächsten Dag wor scho mueres fréi, ronderëm eisen Hotel, esou richteg eng lass. Aus alle Richtungen sinn all méiglech Leit mat Pelzer asw. erbäi komm. Dee Samschdeg war nämlech, wéi all Joer am Mäerz, zu Thusis de grousse „Bündner Fellmaart“. Iwwer 50 Aussteller, dat meescht Pelzhändler, haten hier Stänn opgeriicht, a jiddereen, vu jonk bis al, huet versicht seng Pelzer un de Mann (oder d’Fra) ze bréngen.
185668544f9061869f68fe1d14bc8907e60f2f_.jpeg  18566885489c43d8f67686b06deb22b520ab32_.jpeg  1856681f9f31c3def1970207fdb13129025d48_.jpeg
Mir si mam Bus e klengt Stéck an déi berühmt berüchtegt „Via Mala“ gefuer a kruten do vun zwee lokale Guiden déi äusserst interessant Geschicht vun der Via Mala ausféierlech erkläert. Wéi wichteg deemools dës Nord-Süd-Verbindung war huet eis iwwerrascht. Handel a (schnelle) Wuerentransport haten deemools eng ganz aner Bedeitung a wéi eng Strapazen a Risiken domadder verbonne waren ass schonn erstaunlech.
18566823c4499717fe599640c613b96f4f57d5_.jpeg  185668bcc98d06d23e1f487a16567caa9b8ca2_.jpeg  185668864f128d13b4dae5fa1e2985ccd3c838_.jpeg  1856684b066275cd9f757d547d7cd822ea05a4_.jpeg  1856682eca0104bac48ed9e52903abbfbe0af5_.jpeg
No dëser interessanter Visite si mir op Davos gefouert ginn, wat eng richteg Alpemetropol ass. Nodeems am 19. Jorhonnert d’Heelkraaft vum Héichteklima entdeckt gouf, huet dat fréiert Bauerenduerf sech rasant gewandelt an haut ass Davos e bekannte Wantersportuert. Vum Uertszentrum aus si mir mat der Parsennbahn op d’Weissfluhjoch erop gefuer, awer leider houngen d’Wolleken esou déif dass d’Vue net esou grandios war wéi erwaart. Déi eng si mat der Seelbunn weider erop op de Bierg gefuer, währenddeem déi aner schonn nees erof an den Dall gefuer sinn an nach anerer am Biergrestaurant um Weissfluhjoch op 2700m eng defteg Mëttespaus gemaach hunn. Am Laf vum Nomëtteg war dunn all Mënsch nees am Dall an Davos ass onsécher gemaach ginn. Et huet ugefangen mat schneien an et ass och richteg kal ginn. Déi eng hu Jacketten kaf, déi aner Mutzen an um Enn souz quasi déi ganz Trupp an der Konditorei Weber bei enger Tiesschen Kaffi an engem gudde Stéck Kuch. Eppes méi spéit huet de Bus eis och nees zréck op Thusis gefouert, awer dat wor mat dem Risebus op der schmueler an enker Strooss guer net evident an eng echt Erausfuerderung fir eise Chauffer, mee deen hat jo och zwee valabel Lootsen zur Hëllef.
18566831e9e5e74aba05e350b9227902271097_.jpeg  185668d7c56e453e338e194a4fe06a2adbecf9_.jpeg  18566824f42175a307cce891c2a834c7ea1a7c_.jpeg  
Sonndesmueres ass et dunn nees zréck Richtung Lëtzebuerg gaang. Heibäi hu mir awer zu Wettingen nach eng länger Mëttespaus gemaach an eis nom Mëttegiessen nach den 1227 gegrënnten Klouschter Stella Maris méi genau ugekuckt.
1856684ee33154bf84699de6828ca5d36146e3_.jpeg  185668d839a77beab719c1579cb1788aadee3b_.jpeg  185668a0ec5b726e06b77b6d2a26fe7eee6341_.jpeg
 
Alain & Liette Burg