Newsletter #08 - November 2022


20 November 2022

Dat war et schon erëm, eng laang, flott a chargéiert Moto-Saison geet lues awer sécher zu Enn. Fir munchereen war d’Saison net grad esou laang an och net grad esou flott an huet vill ze fréi, oder vill méi schnell wéi virgesin, een abrupt Enn fond. Et huet dann och gläich e puer Tourguiden erwëscht an duerfir ass et um Enn vun der Saison och zimlech enk fir eis ginn a mir si leider net laanscht e puer kleng Ännerungen an eng Annulatioun komm.

Jo, tatsächlech hate mir déi lescht Wochen e klengen Engpass bei eisen Tourguiden. Duerfir ob dëser Plaz, gläich den Opruff un iech all: Tourguiden ginn ëmmer gebraucht, méi wéi jee, och a virun allem fir déi méi kleng Ausfahrten wéi Nomëttestier, Relaxtier oder Dagestier, wou mir oft mat zwou oder 3 Gruppen ënnerwee sinn.

Ween also Loscht an Zäit huet a bereet ass hei e bessi Verantwortung ze iwwerhuelen, och emol e klengen Tour selwer ze leeden, an eng Grupp Clubfrënn iwwer Bierg an Dall ze guidéieren, kee Problem. - Mell dech !

Als Comité wëlle mir an noer Zukunft e bessi méi Wert heirobber leeën, dat propagéieren, aktiv a Schwong bréngen an och förderen an duerfir si mir zur Zäit domadder beschäftegt eng kleng Basis-Formatioun auszeschaffen, fier eisen neien (wéi och aalagesiessenen) Tourguiden et méi angenehm oder einfach ze maachen; an natierlech sinn eis erfueren a verséiert Leit ëmmer gäre bereed ze hëllefen oder ze ënnerstëtzen a stinn gären mat Rot an Dot un denger Säit. Avis aux amateurs.  Save the date :  Tourguide-Meeting de 24. November !  

Fir déi verbleiwend 7 Wochen an dësem Joer, stinn elo just nach 4 Aktivitéiten op eisen Programm.

E Samschdeg 19.11. eng Hierscht-Ausfahrt (Nomëttestierchen), Donneschdes, de 24.11. ass dann dee schon erwähnten „Tourguide-Meeting“, an duerno, Sonndes den 11. Dezember, nach een Trëppeltour – a ganz zum Schluss, Samschdes, de 17. eng Advent-Ausfahrt (Nomëttestour) - awer nëmme wann d’Wieder et erlaabt !    

 

Am neie Joer starte mir mat engem Neijoersempang an eisem Clublokal, Donneschdes, den 12.01. a Sonndes de 15. ass dann och direkt schon den 1. Trëppeltour am neie Joer. Doriwwer eraus wäert iwwert d’Wanterméint emmer emol nees ee vun eisen Tourguiden eng kleng (Wanter-) Ausfahrt organiséieren, wat mir da kuerzfristeg ukënnege wärten; an e puer weider Trëppeltier sinn, wéi gewinnt, och scho geplant.   

E weidere wichtegen Datum kënnt dir Iech awer elo schon an ärem Kalenner markéieren ; save the date ! Eis Assemblée Générale ass dat nächst Joër Freides de 17. Mäerz nees am Centre Jean XXIII (séminaire) um Weimeschhaff, Kierchbierg. 

A propos Assemblée Générale, do si mir Iech och nach eng schëlleg bliwwen. Sorry, huet e bessi gedauert, awer besser spéit ewéi ni. Mat enger gewësser Verspéidung fand Dir hei ugespéngelt : de Rapport iwwert eis Assemblée Générale vum 19 Mäerz 2022.    

Fir de Rescht si mir schon äifreg am Gaang um Programm fir d’Saison 23 ze bastelen a géifen eis iwwer Ären Input (Ideeën a Virschléi) freeën. Mir hoffen, den 12. Januar en 1. provisoresche Programm presentéieren ze kënnen.

Vergiest net: eis regelméisseg Clubowenter, 2 x mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount - och fir 2023 (also den 24.11. – 08.12. – 22.12. – 12.01. – 26.01. – 09.02 – 23.02. asw… ) an eisem Clublokal Restaurant Il Castello Borghese um Sennéngerbierg.   

Alain BURG, Präsident

rapport de l'ag 2022 du bmw motoclub letzebuerg asbl.pdf