Newsletter #06 - August 2022


31 July 2022

Schoulvakanz a Congé Collectif, kee Mënsch hällt et méi doheem, no 2 Joer Aschränkung gëtt de Covid verdrängt an d’Menschheet gëtt just nach duerch d‘Streike vun de Pilote resp. dem Buedempersonal op de Fughäfe ronderëm d’Welt ausgebremst.

All dat stéiert eis jo net besonnesch, mir düse jo mam eegenen Töff duerch d’Welt a wann een net gard (wéi mir) eng Tour an den Oste geplangt hat, halen och déi deier Spritpräisser eis kaum nach zeréck.

D’Halschend vun der Saison ass scho gelaf an elo starte mir zu eiser „Ersatz-Tour“, eis On- an Off-Road TRANSPYRENAICA-Tour 22, den ultimative Motostour vum Atlantik un d’Mëttelmier, queesch duerch d’Pyrenäen. Eng knapp 3 Wochen-Tour, entweder vum 2. oder als „light“-Versioun, vum 10. bis den 20. August; an zwar souwuel als ON- wéi och als OFF-Road-Tour !

 Et stinn a Frankräich wéi och a Spuenien eenzel Deelstécker vum TET (Trans-Euro-Trail),

wéi och quasi de kompletten ACT (Adventure-Country-Tracks Pyrenäen-Tour) um Programm.

E verlängerte Weekend-Tour vu Fr. den 2. bis So. de 4. September féiert eis an de Jura (Umeldeschluss 31.07.)

A fir all déi net grad esou suedelfest Kilometerfrësser, mir hunn och nach de 07.08. eng Relaxe-Dagestour a vum 17. op den 18. September eng Relaxe-Weekend-Tour (Däitsch-Belsch-Grenzgebitt) um Programm !   

Sonndes de 25. 09. fuere mir beim „Zesummen Ennerwee“ e klenge Motostour mat eisen handicapéierte Frënn a maachen hinnen domadder eng riiseg Freed. Kommt a maacht mat. (2. Helm net vergiessen !)

Eis XXL-Hierscht-Tour am Oktober ass dann elo och komplett a bis an de leschten Detail geplangt. Et gëtt hei awer keen Mototransport (kaum Interessi an duerfir definitiv ze deier), also keng Optioun fir just déi mëttels Woch an Apulien mat ze fueren. Entweder de vollen (3 Woche) Programm oder näischt. Et besteet also just nach déi Méiglechkeet (z.B. fir eis Sozia/en), - mam Flieger zeréck oder hin an zeréck. (Umeldund virum 25.08.) 

 

Vergiest net: eis regelméisseg Clubowenter, 2 x mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount (also z.B. den 11. a 25. August an den 8. A 22.  September) an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg !   

 

Alain BURG, Präsident

bmw-newsletter 06 - august 2022.pdf