Newsletter #05 - Juni 2022


26 May 2022

Newsletter # 05 - Juni 2022

 

Dat Wichtegst fir d’Eischt! Just fir déi Leit, déi et bis elo nach ëmmer net gemaach hunn, dëst ass déi lescht Erënnerung, Äre Beitrag fir 2022 ze bezuelen! ReminderCotisatioun/Beitrag 2022 = 50 € iwwerweise w.e.g.!  

Art. 13.  Pour faire face au bon fonctionnement de l’association, les membres s’obligent au paiement d’une cotisation annuelle, dont le montant sera fixé par l’assemblée générale …. an dee gouf dat lescht Joer schon an eiser AG op 50€ festgesat.  Le membre qui n’a pas payé sa cotisation jusqu’au 30 juin de l’année en cours, est réputé démissionnaire ; … a laut eise Statuten an der europäescher Direktiv iwwert den Dateschutz mussen dann och gläich sämtlech Donnéeën aus eiser Datebank geläscht ginn! Esou dass dëst ev. Deng lescht Newsletter (Info) ass!

Net manner wichteg sinn dës Informatiounen: Wann eng Aktivitéit (Tour, Training, Ausfahrt o.Ä.) ausgebucht ass, dann ass se och AUSGEBUCHT an et gëtt einfach keng fräi Plaz méi an da kann och just nach 1 matfuere falls 1 aner ausfällt, also zerécktriede muss. „Duerfir ass et einfach wichteg sech fréizäiteg unzemellen! „

Dat schreiwen ech scho jorelang an eis Infoen wéi och an d’Newsletteren.

Ausserdem ass bei enger Umeldung och gläich 1 Acompte fälleg (Anmeldung = Anzahlung) an, zumindest bei Touren mat Iwwernuechtung(e), muss fir d’éischt emol Récksprooch mam Tourguide geholl ginn, fir ze wëssen ob iwwerhaapt nach Plaz ass (z.B. Zëmmer fräi sinn an et ass och ze klären ob 1 Dz oder Ez gebraucht gëtt)!

Bei all eise groussen T oure gëtt et och ëmmer en „ANMELDESCHLUSS“ dee mir musse respektéieren well mir kënne weder onbegrenzt vill a laang x Zëmmer vir-reservéieren a mussen et an Zuel wéi och Dauer limitéieren.     Mir hunn déi lescht Woche leider missen e puer Leit ofsoen well Trainingen wéi och Touren iwwerbucht waren oder einfach keng weider Plazen oder Zëmmer méi disponibel waren. Leider ware mir elo scho forcéiert den Iwwerweisungsdatum ze kucken a ween guer net oder méi resp. ze spéit iwwerwisen hat, hat leider Pech.

An der rezenter Spezial INFO“ TOUREN & AUSFAHRTEN, déi all Member kritt huet, sinn all dës intern Regelen genau erklärt, och wéi eng Tour fir wéi eng Zielgrupp geduecht ass, an dass et och Toure gëtt, déi net fir jiddereen gëeegent sinn an een hei ev. e bessi Erfahrung, de néidegen Know-how, dat richtegt Equipement an eng gewësse Konditioun muss hunn. Mir bidde (vun-bis) fir jiddereen eppes un, dir musst iech just dat Passend eraus sichen an dierft am Zweifelsfall (oder fir weider Detailer) och ganz gäre mam responsabelen Tourguide Récksproch huelen! Mir bidde jo ab Fréijoer richteg vill „Relax- Starter- Owes- ½ Dag- an Dages-Touren“ un, fir sech lues a lues déi néidegen Erfahrung a Konditioun unzetrainéieren, awer w.e.g. iwwerschätzt iech net! Ween 2 Joer Covid-Paus gemaach huet ass definitiv schlecht beroden sech direkt fir e gréisseren Tour vun e puer 1000 km unzemellen,  vun engem XXL-Tour net e schwätzen. Wee mat eis op eng gréisser Tour fuere wëll, soll w.e.g. virdrun emol e puer méi kleng Saachen (och Tagestouren) matgefuer sinn. Dëst ass ënner anerem och duerfir geduecht, dass mir eis kenne léieren an Iech aschätze kënnen.

Mam Juni si mir eigentlech elo och schon duerch; Spessart-Rhön-Tour, 2 Trainingen, an eis Schottland-Tour sinn ausgebucht an et bleiwe just nach fräi Plaze beim Relaxe-Nomëttes-Tour den 11. - beim Feierowendtour den 16. oder fir eis Stollereider beim TET-Off-Road-Tierchen den 12.

Den 2. Juli ginn awer nach e puer Leit gebraucht fir den int. Triathlon zu Iechternach ze encadréieren an heibäi kann een och nach eppes klengs verdingen! Duerno, resp. fir de Summer hate mir jo schon e puer nei Saachenugekënnegt, an déi gutt Nouvelle, hei ginn et z.Z. dann och nach iwwerall fräi Plazen

Elo huet dann och eisen TRANSPYRENAICA-Tour 22, den ultimative Motostour vum Atlantik und d’Mëttelmier, queesch duerch d’Pyrenäen, Form ugeholl. Et gëtt eng Tour vun 2 oder 3 Wochen, je no Gusto entweder vum 2. oder als „light“-Versioun, vum 10. bis den 21./22. August; an zwar souwuel als ON- wéi och als OFF-Road-Tour! Dir musst iech just nach entscheeden wéi (On- oder Off-) a wéi laang (21 oder 13 Deeg) Dir matfuere wëllt.

Dëst ass allerdéngs just eng Tour fir erfueren a suedelfest Biker an eng gutt Motorrad-Beherrschung, och an enke Kéieren an op Serpentine-Strecken, vill Erfahrung an eng gutt Konditioun, si Viraussetzung !

 

A fir all déi, déi den Off-Road-Deel wëlle matfueren, sinn hei dann och déi néideg Kenntnisser, Tout-Terrain-Erfahrung an dat richtegt Material (Stollepneuen) e Must.

 

Et stinn a Frankräich wéi och a Spuenien eenzel Deelstécker vum TET (Trans-Euro-Trail), wéi och quasi de kompletten ACT (Adventure-Country-Tracks Pyrenäen-Tour) um Programm.

 

Awer wéi gesot et geet alles och „On-Road“ an et kann een allzäit switchen, grad wéi ee Loscht huet.

De verlängerte Weekend-Tour vu Fr. den 2. bis So. de 4. September féiert eis an de Jura; a fir all déi net grad esou suedelfest Kilometerfrësser, mir hunn och nach 1 Relaxe-Nomëttestour den 11.06. - zwou Relaxe-Dagestouren de 09.07. an de 07.08. - an eng Relaxe-Weekend-Tour den 17. an 18. 09. um Programm! 

Bei eiser XXL-Hierscht-Tour am Oktober si jo bekanntlech d’Aller-Retouren och schon AUSGEBUCHT an et bleiwe just nach e puer fräi Plazen fir déi mëttelst Woch an Apulien; mat Flug Hin- an Zeréck an de Moto um Transporter.

Eng éischter gemittlech, kulturell-kulinaresch Woch, avis aux amateurs! Umeldung virum 12. Juni!

 

Da kann ech just nach 1 x un eis regelméisseg Clubowenter erënneren, déi weiderhin 2 x mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount (also z.B. de 26.Mee, den 9. an 23. Juni oder de 14. an 28. Juli) an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg, stattfannen! 

An un déi gutt Motos-Formatioune vun der Maison du Motard (ACL) op der Kartings-Pist zu Monnerech:

Fräi Plaze ginn et hei nach: So. 12.(2) - Mo.13. a Mo. 20. Juni (5);  So. 3. a Mo. 4.(5) Juli.

A mat 99€ fir ACL-Memberen (oder 149€ fir NET-Memberen) ass de Präis duerchaus acceptabel

 

 

Alain BURG, Präsident

 

bmw-newsletter 05-2022 juni.pdf