Newsletter #04 - Mee 2022


30 April 2022

Et leeft an et geet virun, an zwar esou richteg. Wann Ugangs Mäerz bei der Wanterschlussfahrt 19 Leit um Départ sinn an zwou Wochen drop bei eisem 1. Startertour vun der nach jonker Saison, 23 Leit mat fueren a beim Startertour 4 dann 24 Leit a mir ëmmer mussen an zwou Gruppe fueren an Ouschterméinden esouguer mat 3 Gruppe starte musse, well 34 Leit um Rendez-vous sinn, ass dat scho formidabel.

(Dass 2 Startertoure wéinst dem schlechte Wieder hu missen ofgesot ginn gehéiert einfach och derzou.)   

Eis 2 Sécherheets-Trainingen am Juni sinn elo, Enn Abrëll, schon allebéid méi wéi AUSGEBUCHT !  *                                                                                 Och eis Off-Road-Sortien an Trainingen sinn ëmmer gutt besicht an zum Deel och schnell AUSGEBUCHT.

Bei eise gréisseren Toure gesäit et och net wierklech besser aus, eis Dordogne-Tour an eis Schottland-Tour sinn AUSGEBUCHT, et bleiwen z.Z. just nach zwou bis 3 fräi Plazen Ufank Juni (3.-6.) bei eiser verlängerter WE-Tour „Spessart-Rhön-Vogelsberg“ a beim Camping-Tour a Südfrankräich vum 21.-28. Mee.

Wann dir also do nach wëllt derbäi sinn, da mellt iech w.e.g. direkt un, soss ass deen Zuch och fort!

 

Souguer bei eiser Hierschttour am Oktober sinn elo schon d’Aller-Retouren AUSGEBUCHT an et bleiwe just nach e puer Plazen fir déi mëttelst Woch an Apulien mat Flug Hin- an Zeréck an de Moto um Transporter. Eng éischter gemittlech, kulturell-kulinaresch Woch, avis aux amateurs!

 

Elo plange mir dann nach fir Iech e puer zousätzlechen Touren am Summer a setzen déi esou schnell wéi méiglech an eise Programm bäi.

Kuckt duerfir w.e.g. regelméisseg eise Kalenner op eiser Homepage, liest déi lescht Newsletteren an Invitatiounen an haalt deen ëmmer erëm aktualiséierte Programm am A!

Nëmmen esou bleift dir um Ball a kritt all Ännerungen an Ergänzungen zäitno mat.

 

Da kann ech op dëser Plaz just nach 1 x un eis regelméisseg Clubowenter erënneren, déi weiderhin zwee mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount (also z.B. den 28.04. – den 12. a 26.Mee, oder den 9. Juni) an eisem Clublokal „Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg, stattfannen!

 

An um Enn dann nach e Reminder an eegener Saach:

Cotisatioun/Beitrag 2022 = 50 € am beschte per Iwwerweisung !

mir wëllen Iech jo als Member am Club behalen.

Dat Wichtegst bei all eisen Touren a Reesen:

Mellt Iech w.e.g. mat Zäiten un, well d’Plaze si rar a vill Toure méi séier ausgebucht wéi ee kucke kann!

 

Alain BURG, Präsident

 

* NB: d’Maison du Motard (ACL) bidd och elo gutt Motos-Formatiounen op der Kartings-Pist zu Monnerech un :

          Fräi Plaze ginn et nach:   Mo. 16. a Mo. 30. Mee; So. 12. - Mo.13. a Mo. 20. Juni; So. 3. a Mo. 4.Juli.

          A mat 99€ fir ACL-Memberen (oder 149€ fir NET-Memberen) ass de Präis och duergaus acceptabel!

bmw-newsletter 04-2022 mee.pdf