Newsletter #02 - Maërz 2022


04 March 2022

Nach e puer Deeg, dann ass schon Fréijoersufank an da geet et gläich nees lass. Déi nächst Saison steet virun der Dier, déi grouss Tier goufen ugekënnegt, de Gros vun de Strecken ass geplangt, déi meescht Hoteler scho reservéiert, e puer Fähre gebucht, déi éischt Acompte schon iwwerwisen an eng ganz Rei Leit sinn och schon zu den diversen Touren ugemellt!
 
Awer virun all deem si mir frou, Iech all den 19. Mäerz op eiser Assemblée Générale begréissen ze kënnen. Eng Convocatioun hutt dir den halwe Februar scho kritt an et hunn sech och scho ronn 30 Leit ugemellt. Un der Plaz hänkt et net, de Sall ass riise grouss an et passen och am COVID-Regime locker 100 Leit eran. Et ass och beschtens fir dat leiblecht Wuel gesuergt an dir hutt de Choix ënner 3 Menüen (Fësch, Fleesch oder Vegan). Dir musst iech just umellen an eis/mir soen wat Dir iesse wëllt (iwwer Mail, Tel, SMS, HP…).
D‘Veranstaltung fënnt ënnert deenen zu deem Zäitpunkt aktuellen a gültege sanitäre Moßnahme statt! Momentan wier dat „3G-Regel“ (Geimpft, Genesen oder Getest), nozeliesen ënner: covid19.public.lu. CovidCheck wäert op der Plaz erleedegt ginn, Tester stinn ggf. zur Verfügung. D’Versammlung ass also kee Problem an ouni grousse Risiko méiglech. Et géif eis freeën, Iech endlech nees all fir ee gemittlechen Owend erëm ze gesinn.
 
Dann muss ech op dëser Plaz och nach 1 x un d’Cotisatioun 2022 erënneren. Déi sollt elo virun der AG an dem Ufank vun der neier Saison bezuelt sinn oder ginn. An déi ass ab dësem Joer dann och 50 EUR (gouf dat lescht Joer an der AG esou festgesat). Et wier wuel am beschten, d’Cotisatioun, wéi bis elo, per Iwwerweisung ze maachen ! Merci. Mir wëlle jo, dass dir Member am Club bleift an Iech dann och direkt op eiser Generalversammlung Är nei Memberskaart ginn.
 
Leider hu mir déi lescht Deeg misse mat Schrecke feststellen, dass iwwer 100 Leit (also ¼ vun eise Memberen), trotz munnech Obfuerderung, hiere Beitrag fir 2021 NET bezuelt hunn. Laut eise Statuten (déi jiddereen op eiser Homepage fanne kann) misst dat virum 30. Juni geschitt sinn, well anerefalls dee Member dann als „démissionnaire“ (zerécktriedend) ze betruechten ass.
Laut dem neie Gesetzt iwwert den Dateschutz (Protection des Données) si mir als Club dommerweis derzou gehalen, sämtlech Donnéeën vun zeréckgetruedene Memberen och gläich ze läschen!
Et ass wierklech eng domm Geschicht, an der Saach (a virun allem engem Verain) net wierklech dënglech, awer et ass nun emol e Gesetz a mir mussen eis drun halen, esou leed et eis och deet.
Ausserdem hunn eng 30 Leit sech „NET“ korrekt ugemellt, andeems si de Formulär net, net richteg oder net komplett ausgefëllt hunn oder eis net erlaabt hunn si op mindestens eng Manéier ze kontaktéieren, wat natirlech net coform zu eise Statuten ass an eis och net ganz „normal“ a verständlech ze si schéngt.
Well all dat vun eis selwer net verbessert oder ergänzt ka ginn, ware mir demno leider verpflicht eng Rei Leit aus dem Listing ze sträichen. Awer et kann a soll een sech w.e.g. gläich nees richteg androen.
Dat ass jo eigentlech alles kee Problem a relativ schnell ze erleedegen a wann dann alles korrekt agedroen ass, si mir endlech conforme. Vill Leit hunn dat verstaan an och direkt gemaach, vereenzelter hunn et leider net verstaan oder net verquëst, gesinn dat net an a sinn elo dann och guer net erfreet. Mir schwetzen a schreiwen awer scho gutt 2 Joer ëmmer erëm iwwert dat Thema a kënnen och elo just nach ee Mol ëm Är Mataarbecht an Ärt Verständnis bieden.
 
Méi erfreelech war, dass mir an deene leschten Deeg eise fir 2020 geplangten WE-Trip op Lissabon dann elo, no 29 Méint (2 ½ Joer) endlech ofschléisse kënnen! Vum Reesbüro hu mir déi komplett Somme déi mir Ufank 2020 un si iwwerwisen haten rembouséiert kritt (vun der Fluggesellschaft TAP leider net) an déi kënne mir dann elo och integral un eis Leit zeréck iwwerweisen. Um Enn si mir dach nach ganz gudd aus der Nummer eraus komm a jiddereen kritt bis op 35€ säin ganze Asaz zeréck.
Da kann ech just nach 1 x drun erënneren, dass mir nees regelméisseg Clubowenter organiséieren; an dat zwee mol de Mount an zwar all 2. a 4. Donneschdeg am Mount (also elo nach den 10. a 24. Mäerz)! Duerno décidéiert sech dann, ob et esou weider geet, oder mir eis ev. nees méi oft gesinn.
 
Alain BURG, Präsident

bmw-newsletter 02-2022 marz .pdf