Newsletter #01 - Januar / Februar2022


26 January 2022

Ech hoffen dir sidd all gutt a gesond an dat neit Joer gestart. Eis éischt Aktivitéiten an der nach jonker Saison ware villverspriechend. 19 Wanderer um 1. Trëppeltour, 30 Teilnehmer um Neijoersempfang an eisem Clublokal "Il Castello Borghese“ um Sennéngerbierg a 7 bis 8 der ganz Haarder op der 1. Wantersortie duerch eist Ländchen, bei Minimaltemperaturen an eeklech dréiwem, fiischte Wieder de leschte Samschdeg. Super, esou däerf et gäre weider goen.

Eis nächst INFO huet, mat e puer Woche Verspéidung, dann elo och endlech de Wee an d’Imprimerie fond a misst demno déi nächst Woch dann och an Ärer Bréifboite landen.

Wéi sou oft sinn bei, resp. nom Redaktiounsschluss nach e puer wichteg Saachen an eisem Programm bäi komm, déi dunn leider net méi all an déi schon drockbereed INFO era gepasst hunn.

Grad dat ass de Grond, wéisou eis Newsletter esou wichteg ass, well mir Iech just esou zäitno informéieren an um neitste Stand hale kënnen !

Just nach an den Info eragepasst hunn eis 2 Motorrads-Trainingen den 12. an 19. Juni - Save the Date !

Zäitméisseg leider just net méi eragepasst huet eis Generalversammlung de 19. Mäerz-  „Save the Date“ !

Doduerger, dass de 19. Mäerz elo eis A.G. ass, huet eis 1. Off-Road-Sortie, déi eigentlech fir deen Dag geplangt war, misse verréckelt ginn. Déi ass dann elo den Dag duerno, also Sonndes, den 20. Mäerz an den Départ ass och scho Mueres um 10:30 Auer !

Den Trëppeltour am Februar zu Ettelbtréck ass eng Woch virverluecht ginn an elo da schon den 20.02.

an den Départ vum 1.Relax-Nomëttestour (10.04.) ass net um Bridel, mee op der Total zu Luerentzweiler.

Dëser Deeg kruut ech dann och nogeluecht, eis Equipe fir den XXL-Schottland-Tour am Juni definitiv unzemellen, fir elo schon d’Fähren an d’Hoteler kënnen ze reservéieren, well no 2 Joer Lockdown, dëst Joer méi Leit do wëllen hi fueren. Avis aux amateurs, eng bis zwou Plaze wieren z.Z. nach fräi. Hei ass awer dann Enn Februar ee fir allemol „Anmeldeschluss“ an ech wees net, ob mir esou bal nach 1 x dohinner  fueren.
Fir den Dordogne-Tour Ufank Mee sollt een mat enger eventueller Umeldung och net méi all ze laang waarden, hei gëtt et elo schon eng Reih Interessenten.

Ähnlech ass et bei Off-Road-Training an Tour Mëtt Abrëll, wou elo schon 8 Leit ugemellt sinn.

Detailer zu all eisen Touren stinn an der INFO, déi, wéi gesot jo och schon ënnerwee ass, oder dir informéiert iech beim responsabelen Tourguide, awer waart net ze laang, soss ass den Zuch ouni iech fort.

Dann wollt ech ob dëser Plaz nach 1 x un de Beitrag 2022 erënneren. Dee sollt an dësen Deeg bezuelt ginn, oder vläicht och schon iwwerwise sinn. Bei eiser leschter AG ass d’Cotisatioun op 50€ festgesat ginn. 40€ geet also leider net duer, déi Zäiten sinn passé. Well et z.Z. nach Divergenzen an Buchungsproblemer mam neie Systhem vum Bezuelen mat der Kredit-Kaart gëtt, wier et wuel am beschten, d’Cotisatioun, wéi bis elo, per Iwwerweisung ze maachen! Merci. Mir wëlle jo, dass dir Member am Club bleift an och op eiser Assemblée Générale stëmmberechtegt sidd.

REMINDER 1 : Et gouf jo festgehalen, dass mir vu Januar un, dann och nees regelméisseg Clubowenter organiséieren ! An zwar elo mol, fir déi éischt 3 Méint, (Januar bis Mäerz) zwee mol de Mount an dat all 2. a 4. Donneschdeg am Mount (also de 27. Januar, den 10. a 24. Februar an den 10. a 24. Mäerz) !

Duerno décidéiert sech dann, ob et an deem Rhythmus weider geet, oder mir eis nees méi oft gesinn.

Also: dësen Donneschdeg (27.01.) ass Clubowend.

REMINDER 2 : E Sonndeg, 30. Januar ass eisen nächsten Trëppeltour, dës Kéier zu Dippech. Départ um 10 Auer um Parking bei der Kierch (rue Centrale). W.e.g. umellen, virun allem wéinst dem Iessen. Merci

Alain BURG, Präsident 

bmw-newsletter 01-2022 jan-febr.pdf